Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Ëmwelt

Lieserbréif vum Frank Bertemes: Lëtzebuerg an d’Thema Loftverschmotzung 

Lieserbréif vum Frank Bertemes:  Lëtzebuerg an d’Thema Loftverschmotzung
Photo by Gelatin: https://www.pexels.com/photo/young-female-blowing-huge-balloon-in-sky-6357184/

Äntwert 1:

 

Moien Här Bertemes,

Merci fir är Mail, et handelt sech hei effektiv ëm e wichtegt Thema, dat méi Opmierksamkeet misst kréien. Ech sinn allerdéngs keen Expert an dësem Feld an dofir e bëssen iwwerfrot. Ech hunn dat awer weidergeleed un den Energieministère, déi iech do éichter di néideg Äntferten kënne ginn. Ech melle mech bei iech esou bal ech en Retour kruut.

Léif Gréiss an e schéinen Dag.

déi gréng

secrétariat du parti

3, rue du Fossé

L-1536 Luxembourg

www.greng.lu

 

Äntwert 2:

 

Gudde Mëtteg Här Bertemes,

 

Merci fir Är Messagen, an dass Dir un dësem Thema engagéiert sidd.

 

Mir wäerten eis sou séier wéi méiglech mat enger passender Äntwert bäi Iech zréckmellen.

 

Mat beschte Gréiss,

LSAP – (ee Parteimanager)*

 

(*Originaltexter ouni Korrektur vum Januar 2023, d‘ Nimm sinn hei awer bewosst ewech gelooss)

esouwäit zwou Äntwerten vu Parteizentralen zum Thema Feinstëbsemissiounen no engem Artikel, deen hei um Site an an der Press als Lieserbréif publizéiert ginn ass. Weider Suitten bis haut? Gläich NULL – natierlech. Deen eigentlech basis-grénge Sujet Loftqualitéit ass wuel parteipolitesch gesinn just marginal an deemno keng weider Schrëtter wäert….Souguer dann net, wann d’EU – Kommissioun och eist Land (sou ee Wort – Artikel) onmëssverständlech däitlech dozou opfuerdert, a Saache Loftverschmotzung hir Hausaufgaben endlech mol ze maachen. ’t ass tatsächlech méi liicht, op EU- Plang Hänn ze rëselen, sech theatralësch ze këssen an ze stralen oder a schéine Rieden déck Téin ze späizen, wéi an onangeneemem Kontext dat ze maachen, wat fundamental néideg ass. Dozou gehéiert nu mol och déi politesch wuel éischter onpopulär NEC-Richtlinn iwwer déi national Emissiounshéchtsmengen, déi dozou verflicht, den Ausstouss vu bestëmmte Loftsschadstoffer ze reduzéieren.

Ni eppes dovun héieren, Dir Dammen an Dir Häre vun eiser politescher Klass? Ni zur Kenntnis geholl, wéi vill Leit un eeschten Erkrankunge vun den Otemweeër leiden an och dru stierwen? Ass dat Iech total egal? Och wann elo rezent behaapt ginn ass, datt de Problem Loftverschmotzung zwar generell erkannt ginn ass, a behaapt gëtt, datt d’Loftqualitéit sech hei am Land „verbessert“ hätt, sou dierf een dach berechtegt Zweifel hunn, datt eppes Fundamentales op deem Niveau geschitt. Sou wéi ëmmer gëtt méi „verwalt“ (mengt am dësem Fall gemooss a festgestallt) wéi datt gehandelt gëtt….sou laang, wéi et nu mol geet – mir hu méi wichteg Themen wéi dat hei…

All Land muss awer ni mol no där viséierter EU-Richtlinn deementspriechend Ziler definéieren an och anhalen. Wéi gesäit et domat an eisem Ländchen konkret aus, ee Ländchen mat Charme an deem den Erhuelungstourismus a gesonder Loft sou soll boomen? Ech krut perséinlech op Ufro beim zoustännege Service vun der Stad Lëtzebuerg am Kontext vun deenen extreem geféierleche Feinstëbsemissiounen confirméiert, datt déi definéiert Grenzwäerter  op verschiddene Miessstatiounen an der Stad drastesch iwwerschratt goufen – ass dat offiziell thematiséiert ginn? NEVER! No topic! Ass et kee Skandal, wéi wéineg datt besonnesch och déi nach méi vulnerabel Kanner hei vun der Politik, déi bekanntlech ganz aner Prioritéiten an hirer Agenda definéiert, respektéiert ginn? Ass d’Prioritéit vun eiser Gesondheetspolitik just d’Zuel vun den IRMën an de Corona-„Impfstoffer“, déi (niewebäi bemierkt) vill Leit réischt richteg krank gemaach hunn? Ass d’Qualitéit vun eiser Otemloft, ouni déi mir iwwerhaapt kënne liewen, politesch total niewesächlech?

Schued, datt all déi Schuedstoffer an der Loft net schwaarz sinn, well da misst reagéiert ginn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *