Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Schnoken

Lëtzebuerg a seng olympesch Vergaangenheet 

Lëtzebuerg a seng olympesch Vergaangenheet
Bild von PublicDomainPictures auf Pixabay

Lëtzebuerg huet op quasi all den olympesche Summerspiller zanter 1912 matgemaach. D’Ausnam waren d’Spiller vu Los Angeles am Joer 1932. Aneschters gesäit et bei den olympesche Wanterspiller aus; d’Éisleker Koppe ginn eben net duer fir am déiwe Schnéi de Super G ze trainéieren. Do hate mir schonn op e Marc Girardelli musse waarden, dee quasi iwwer Nuecht Lëtzebuerger gi war an zwou Sëlwermedaile vun Albertville matbruecht hat. Op Wikipedia heescht et, datt de Grand-Duché bis ewell 465 Athleten op d’olympesch Spiller geschéckt huet, -Paräis net mat aberechent- an datt mir an där Zäit 4 Medaile konnte rafen.

Nieft deenen Zwou aus Sëlwer fir de Girardelli eng aus Gold fir de Josy Barthel am 1500 Meter-Laf an nach eng aus Sëlwer fir de Jos Alzin am Schwéiergewiicht, deen 1920 zu Amsterdam 260 Kilo gestemmt huet. 465 Athlete bannent 100 Joer, dat ass fir e klengt Land net esou schlecht. Och op Wikipedia hunn ech déi couragéiert Sportler fonnt, déi 1924 derbäi waren. Do staunt een! Et fënnt een esou guer Leit aus der eegener Familljen! D’Delegatioun bestoung aus 44 Sportler, dorënner just zwou Fraen. De Grand-Duché koum deemools am Foussball op déi respektabel 9. Plaz, gutt vertruede ware mir och am Turnen, an der Liichtathletik, am Boxen an um Vëlo. Hei ass de Link https://bit.ly/3WJd2Wf

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *