Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Finanzen

Laurent Mosar: am Fall vu Blanchiment ass Denonciatioun Flicht! 

Laurent Mosar: am Fall vu Blanchiment ass Denonciatioun Flicht!
Image par Myriam Zilles de Pixabay

 

Am Kader vun den Debatten dës Woch an der Chamber huet de Staatsminister recidivéiert. De Xavier Bettel wollt der CSV de mëssgléckten Dossier FAGE an d’Schong schubsen. De Jughurtsfabrikant wir elo net méi un engem Produktiounssite zu Lëtzebuerg interesséiert, well déi schwaarz-orange Partei géint hien bei der Justiz eng Denonciatioun gemaach hat wéinst eventuellem blanchiment vun 53 Milliounen Euro am Laf vun de leschten 8 Joer!

Dat huet den CSV-Deputéierten Laurent Mosar an d’Offensive gelackelt, deen dem Premier an Erënnerung geruff huet, datt et de Volleksvertrieder hir verdammte Flicht war, fir mam Dossier bei de Parquet ze goen.

 

De Xavier Bettel weess natiirlech, datt de Mosar am Recht ass. Ob d’Affär Gibéryen kann een am nämmlechte Kontext bei Geleeënheet zréckkommen. Den eigentlechen Hohn ass jo awer, datt et e Journalist war, deen dës Affär vun de Bréifkëschtegesellschaften opgedeckt hat. Dobäi waren et Politiker a Staatsverwaltungen, déi d’Demande vu Fage fir sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen, zanter Joer um Dësch leien haten! Et schéngt, wéi wann een deen Dossier ob méi wéi engem Punkt net esou ganz genee geholl hätt. Also léiwer am Tirang leie gelooss!

Waarde mir d’Resultat of vun der enquête préliminaire. Déi e bësselchen méi müskléiert Interventioun vum Laurent Mosar war op alle Fall ubruecht. 3 Deeg drop war CSV-Nationalkongress mat engem duebelen lockdown: d’Partei koum gréisstendeels just virtuell zesummen an d’Dissonanzen tëscht der Fraktioun an dem Parteipresident Frank Engel goufen zwar ugeschwat, ma net ausgeschwat. Et blouf bei Ukënnegungen.

Ma bis ewell ass et kenger Partei gelongen, e gudde Kongress ze “servéieren”; an der digitaler Welt ass keng Plaz fir Emotiounen, vun deenen e Kongress – eng Zort Familjefest- nun emol lieft. Bei der CSV vertréischt een sech op d’Fréijoer….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *