Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

Jeannot Weber: Wat fir eng Natur wëlle mer eigentlech  zu Lëtzebuerg ? 

Jeannot Weber: Wat fir eng Natur wëlle mer eigentlech  zu Lëtzebuerg ?

 

Elo am Fréijoer, si mer all pro Natur.

Elo wou Natur erëm zu neiem Liewen erwächt, gesäit een och wéi wichteg dat Liewegt, dat Faarwegt dobaussen fir de Mënsch ass.

Mee wéi vill Natur wëlle mer, oder wéi een Naturschutz akzeptéiert haut de moderne Mënsch wierklech?

Do leien Theorie an Praxis oft wäit ausenaner.

Zanter den 80 Joren aktiv am Naturschutz, war ech reegelméisseg mat Konflikter tëschent Mënsch a Natur konfrontéiert. Ob eng nei Strooss , Industriezone ,eng nei Cité oder soss…et huet ëmmer geheescht, datt een natierlech d’Natur respektéiert, an esou mann wéi méiglech d’Natur futti mécht, an natierlech och e puer nei Beem planzt.

Verwonnert huet mech als jonke Naturschützer Mëtt den 80 Joren, eng Ried vun engem Buergermeeschter bei engem Vernissage vun enger Ausstellung iwwer Natur an de Gemengen vum Äischdall. De Buergermeeschter huet voller Begeeschterung a Bewonnerung iwwer jonk Leit geschwat, déi mat klengen Schlauch-Booter probéieren d’Walen ze retten, gemengt waren déi deemools éischt spektakuläre Aktiounen vu Greenpeace. Déi kleng bescheiden onspektakulär awer konkret Fuerderungen, vun eis och deemools jonken Naturschützer fir an senger Gemeng e bësschen Natur ze schützen, an eventuell e puer Beem an Hecken ze planzen oder e neien Weier unzeleeën, jo dëst war e bësschen ze vill Natur.

Jo dëst Joer sinn gläich zwou Walen, a wuel kee Politiker, keng Partei wäert verlaangen verspriechen oder soss wëllen Natur ze zerstéieren. Nee am Géigendeel, dëst Joer sinn d’ Politiker  all grouss Naturschützer. Zumindest maache se sou wéi wann. E puer soen schonns däitlech , dat eleng de Mënsch fir si Prioritéit huet, a mengen domat oft och datt d’Natur weider soll Plaz maachen, a dem sougenannten wirtschaftlechen Fortschrëtt net soll am Wee stoen. De Roude Milan oder Flantermais verhënneren villes a blockéieren wichteg Projeten, gëtt gäre behaapt, oder mer brauchen am Bauperimeter keen Naturschutz. Woubäi gäre vergiess gëtt, dat méi Natur an eise Wunn-Gebitter och méi Liewensqualitéit bedeit, an méi Liewensqualitéit dëst versprécht och all Politiker.

Dobäi geet et längst net méi dorëms wéi vill rout Milaner oder Flantermais mer wou wëllen oder akzeptéiere. Et geet haut beim Naturschutz dorëmmer, d’Grondlagen ze erhalen, déi iwwerhaapt nach weider Mënschlecht Liewen ënnert gudden Bedingungen zouléisst. Genuch proppert Waasser, a Loft, gesond Liewensmëttelen sinn ouni eng intakt Natur net méiglech. Den Öko System Natur brauch gewëssen Bedingungen, an et sinn minimal Bedingungen déi erfëllt musse sinn fir datt den Öko System Natur funktionéiert. Wann en Hues, e Feldhong wéi Päiperleken a vill anerer, näischt méi hunn als Liewensraum, jo da verschwannen se, si stierwen einfach aus. Natur bleift awer, Natur, si verännert sech, mee se bleift. Mir kënnen de Liewensraum vum Hues, vu Feldhong a Päiperleken a vill aneres zoubetonéieren oder einfach ent-naturaliséieren a mat Piff zoutippen. Resultat: eng Loft déi eis ëmmer méi krank mécht, ëmmer manner Waasser a mat enger Qualitéit déi ëmmer méi schlecht gëtt. Et bleift eng Natur déi ëmmer méi Problemer fir de Mënsch bedeit.

Mir mussen verstoen, datt Natur en Deel vun eis ass, an datt et net duer geet, d’Natur e bësschen ze toleréieren, do wou se net bei den mënschlechen Aktivitéiten stéiert. Mer mussen endlech léieren mat der Natur, a net géint d’Natur ze schaffen. Zesummen mat der Natur ass ob jiddefalls e Gewënn fir de Mënsch, well Faszinatioun ob de Mënsch huet d’Natur ouni Zweiwel. Datt d’Natur eng impressionant Schéinheet huet, dëst huet de Mënsch schonns laang erkannt , well vill Kënschtler hunn, an huelen ëmmer erëm d’Natur als Inspiratioun. A wou fiert de moderne Mënsch an Vakanz hin? Genee dohin wou hie mengt, eng flott, authentesch a méiglechst vill Natur ze fannen. Jo absurd, eis Landschaften verwandelen mer ëmmer méi an eng steril monoton Park – Landschaft, a da fléien mer rondrëm d’Welt, fir déi lescht Natur-Landschaften ze ergatteren.

Dozou e klengen Film:

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *