Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Jeannot Weber: Eng komesch Virgoensweis vun der Ponts-et-Chaussées. 

Jeannot Weber: Eng komesch Virgoensweis vun der Ponts-et-Chaussées.
Jeannot Weber

Woche laang war den CR 189A tëscht Giewel a Simmer gespaart. Elo ass d’Strooss nees op – awer eng Partie dovunner ass vun elo un am Sens unique.

Iwwert d’Käpp vun de betraffene Gemengen Habscht a Käerch ewech huet d’Ponts et Chaussées dës Decisioun getraff, wéi d’Gemeng Habscht op de soziale Medien matgedeelt huet.

Jeannot Weber

Dat ass bemierkenswäert, well obwuel et sech ëm en CR, an domat ëm eng Route nationale handelt, spillt d’Strooss éischter eng lokal, awer wichteg Roll fir Awunner vu Simmer, Giewel an d’Ëmgéigend. Eppes méi Kommunikatioun mat de Leit an de Gemenge wier do wuel net ze vill gefrot gewiescht – fir ze kucken, wou konkret Problemer leien a wéi eng Léisung am Sënn vun allen hätt kënne fonnt ginn.

D’Strooss ass fir Gefierer iwwer 3,5 Tonnen verbueden,an am Wanter bei Glatäis fir all Trafic . Den CR 189A ass am Ausgank  bei Simmer nach breet, gëtt awer ëmmer méi schmuel, besonnesch am Bësch uewen um Bierg.

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Op der Kopp ginn et Passagen, déi ganz enk sinn – trotzdeem kann do eng Vitesse vun 90 km/h gefuer ginn. Fir sech ze kräizen, sinn d’Autoen normalerweis forcéiert, d’Vitesse däitlech ze reduzéieren. Dat huet och bis lo als eng natierlech Verkéiersberouegung gutt funktionéiert. Gréisser Accidenter sinn mer net bekannt. E puer där presséiert Chauffeuren hunn och mol de sougenannte Summerwee benotzt, fir méiglechst séier  laanschtzefueren – obwuel dat bei normale Vitesse guer net néideg war.

Mat dem Sens unique kann een d’Strooss elo just nach an eng Richtung fueren. Dat féiert dozou, datt eng Rei Chaufferen hei wuel nach méi schëtzeg wäerten jauwen. Nach méi absurd: D’Strooss, déi elo als offiziell Ëmleedung recommandéiert gëtt, wann een vu Giewel a Richtung Simmer wëll fueren, ass net nëmme genee sou schmuel, mee huet och nach zwou schaarf a oniwwersiichtlech Kéieren. Trotzdeem gëllt och do eng Vitesse vun 90 km/h – an et ass mat Géigeverkéier ze rechnen.

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Wat sech d’Ponts et Chaussées also dobäi geduecht huet, Deeler vum CR 189A als Sens unique ze definéieren, ouni mol d’Gemengen Habscht a Käerch ëm Avis ze froen, bleift onverständlech. Et schéngt, wéi wann technokratesch Argumenter iwwer de gesonde Mënscheverstand gestallt si ginn – eppes wat leider hautdesdaags oft passéiert.

Wann dëst elo soll Schoul maachen, da wäerten nawell vill där Stroossen elo zu Lëtzebuerg an ee Sens unique ëmfunktionéiert ginn.

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    “gesonde Mënscheverstand”… ma wou fand dir deen nach hei am Land?
    Besonnesch an verkéierstechneschen Froen muss een lang sichen goen fir nach eng Grëtz ze fannen.
    Jo, vläicht nach iergendwou an engem verstëbsten Eck vun engem Bureau am Ministère de l’Immobilité… bis d’Botzfra, déi jo mam Velo schaffe kennt, enn erauskiert.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *