Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

Geet den FC Millebaach mam gudde Beispill vir? 

Geet den FC Millebaach mam gudde Beispill vir?
Image parStockSnap de Pixabay

et war fir d’éischt d’Zeitung LE QUOTIDIEN, déi d’Saach opgegraff huet, duerno gouf et am TAGEBLATT kommentéiert: den FC Millebaach verbitt den Alkohol op sengen Tribunnen! Dat ass a priori eng gudd Saach, ma bei der Argumentatioun fir dës Decisioun bleift engem dach de Mond opstoen. Chef vum Veräin ass eng Fra, d’Madame Dragolovcanin, a si gëtt am Artikel esou zitéiert: “ Si l’on fait ça, oui, c’est par rapport à la religion, mais aussi parce que c’est illégal de vendre de l’alcool sur un stade. Je me suis renseignée. Il faut demander une autorisation spéciale au service des douanes.

 

Keen Alkohol also beim FC Millebaach, an zwar och net deen, deen ee selwer mattbréngt! Tuuten a Rucksäck sollen an Zukunft kontrolléiert ginn. Ech perséinlech kann et duerchaus novollzéien, datt ee gäre Rou op den Tribunnen wëll behalen, an den Alkohol ass net ëmmer grad “der Sanitäter in der Not”. Wou ech awer meng Probleemer hunn, ass, datt do d’Reljioun mat an d’Spill bruecht gëtt! Lëtzbueg ass zanter net all ze laanger Zäit duerch d’Trennung vu Kierchen a Staat e laïzistesche Staat ginn; dat schéngt net fir d’Millebaach ze gëllen. Reljiéis bedéngt ass wuel och, datt et am Mathias Mamer-Stadion kee Schwéngefleesch gëtt. “Nous n’en( des saucisses) avons pas. On a d’excellente qualité au boeuf, au veau et au poulet, ainsi que d’excellents cevapcici. ça vient des Balkans, c’est excellent, tout le monde adore”.

 

D’Presidentin vum Foussballveräin behaapt, de Club kéint op senger Mëscht dat maachen, wat hie selwer fir richteg fënnt. Esou wäit ech awer weess, gehéieren de Stadion an den Terrain der Gemeng Lëtzebuerg. Huet d’Presidentin sech an deem Sënn mam zoustännege Scheffen ofgeschwat? Aus Sécherheetsgrënn kann een d’Consommatioun vun Alkohol duerchaus verbidden, ma geet dat neierdéngs och aus reljiéise Grënn? Do misst d’Gemeng- wa si bis d’Bändchen op der Schueberfouer duerchgeschnidden huet- kommunikéieren! Villäicht ass et jo e Präzedenzfall? Wa jo, wat gouf mat deene Veräiner ausgehandelt, wou President(in) der jiddescher oder der kathoulescher Communautéit ugehéiert?

Ëmmerhinn ass awer den alkoholfräie Béier nach zougelooss:“c’est comme un jus de fruit à nos yeux”.

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *