Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

Egalité des Armes: am Dossier Lunghi-RTL eng Illusioun  

Egalité des Armes: am Dossier Lunghi-RTL eng Illusioun 
ChatGTP

Am Mäerz geet et virum Appellsgeriicht an deem penibelen, onendleche Justizdossier Lunghi – RTL,  an dat zéngt Joer! Zanterhier ass scho munches passéiert. Sou och, datt de fréiere Generaldirekter vum Mudam, Enrico Lunghi, wärend bal engem Joerzéngt ( 2016  bis  haut) ongebremst duerch seng Affekote stänneg d’Géigesäit konnt ugräifen – dat heescht den deemolege CEO vun RTL, den deemolege RTL-Programmchef an déi zwee RTL-Journalisten vum Nol op de Kapp.

Privat

Dës Prozedur konnt a kann den Här Lunghi sans problème duerchzéien, well hien – vum Staat, also vum Steierzueler – deier Affekotskäschte bezuelt krut a nach ëmmer kritt. Vun enger “égalité des armes” kann absolut keng Ried sinn, well déi deemoleg Journalistin, déi 2016 wärend engem Interview vum Generaldirekter tätlech ugegraff gi war, bis haut all hir Affekotskäschte selwer bezuele muss.

Dobäi kënnt, datt vun 2018 bis haut dem Här Lunghi seng Fra a hie selwer dräi Bicher geschriwwen hunn, an deenen déi betraffe RTL-Leit, virun allem déi zwee Journalisten, zum Deel uerech  diffaméiert ginn. Géint dës dräi Bicher goufe Kloe gemaach.

Privat

Sou zum Beispill sinn elo wéinst dem zweete Buch souwuel de fréiere Generaldirekter vum Mudam – opgrond vum Artikel 85-1 – wéi och seng Fra, Catherine Gaeng, opgrond vum Artikel 505 vum Code pénal wéinst violation du secret de l’instruction respektiv recel, virun eng chambre correctionnelle verwise ginn, wou an de nächste Méint de Prozess géint si stattfënnt.

Iwwer déi zwee aner Bicher, géint déi wéinst Diffamatioun, Calomnie an Beleidegung (injures) Kloe gemaach goufen, dierft och an nächster Zäit eng Decisioun falen.

Net méi spéit wéi den 30. Oktober huet den Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen, eng parlamentaresch Fro gestallt, fir vun de Ministere vun de Finanzen, der Justiz an dem ëffentlechen Déngscht gewuer ze ginn, wéi vill Suen de Staat den Affekote vum fréiere Mudam-Generaldirekter bis haut bezuelt huet.

Hei de komplette Text vun dëser Question parlementaire vun de Piraten.

An hei d’Änwert vum Minister Wilmes, deen esou vill net ze soen huet:

N°3127

Entrée le 20.11.2025 Chambre des Députés

LE GOUVERNEMENT

DU GRAND-DUCHÉ DELUXEA4BOURG

Ministre delaFonction publique

  1. Wéi héich sinn déi bis elo vum Staat gedroe Käschten am Zesummenhang mat den Affekote vum Ex-GeneraIdirekter?

Den honorabelen Deputéierten huet bestëmmt Verständnis dofir, dass ech an der Ëffentlechkeet net iwwer individuell Dossiere schwätzen.

  1. Wat geschitt am Fall vun enger Néierlag vum fréiere Generaldirekter am Appel? Mussen an dësem FaII d’Affekotskäschte un d’Staatskeess zréckbezuelt ginn?

Allgemeng ass et esou, dass e perséinleche Feeler vun engem Agent dozou féiert, dass de Staat vu senger Protektiounspflicht entbonnen ass. An deem Fall mussen d’Affekotekäschten zeréckbezuelt ginn.

  1. Wéi ass et méiglech, dass den deemolegen Generaldirekter, deen a senger Funktioun als Mudamchef an dësem Zäitfënster kee Staatsbeamten war, trotzdeem d’Affekotskäschten iwwerholl krut?

Ech verweisen op meng Äntwert op déi éischt Fro.

  1. Wéi eng Bedingungen mussen erfëllt sinn, dass Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien?

Den Agent, oder e Member vu senger Famill, muss perséinlech viséiert sinn an et muss e Lien mat senger Qualitéit als Agent bestoen. Ausser wann et dréngend ass, muss d’Demande fir d’Protektioun am Virfeld gemaach ginn.

D’Protektioun vum Staat heescht awer net automatesch, dass d’Affekotekäschten iwwerholl ginn. De Staat kann déi Protektioun och anescht garantéieren, z.B. andeems de Service juridique vum Ministère fir d’Fonction publique déi néideg Ënnerstëtzung gëtt (fir déi Demarchë wou een net onbedéngt muss en Affekot hunn).

De Staat ass vu senger Protektiounspflicht entbonne wann den Agent am Feeler ass.

Wann et eng Affär tëschent dem Agent an dem Staat als Employeur ass, gëtt keng Protektioun accordéiert.

10, avenue John F. Il eilnedy L 1855 Luxembourg

Tél. (+352) 247-83100 B.P. 1807

L-1018 Luxembourg www.fonction-publique.public.lu

LE GOUVER NEMENT

DU G RAN D- DU CH É DE LUXEMB OURG

Ministère de la Fonction publique

  1. Wéi vill Affekotskäschten goufen an de vergaangenen 10 Jore vum Staat iwwerholl? Wéi vill Demandë goufe refuséiert?

Fir d’Joer 2025, hunn ech bis elo 36 Demandë kritt. An 23 FäII ass d’Protektioun accordéiert ginn, an 10 Fäll ass se refuséiert ginn an 3 FäII sinn nach amgaang traitéiert ze ginn. Wat déi Jore virdru betrëfft, kann ech dem honorabelen Deputéierte keng ausféierlech Zuele gi well déi net systematesch erfaasst gi sinn. Ech ka just drop hiweisen, dass an den Aktivitéitsrapporte vum MFP zënter 2017 all Joer opgelëscht gëtt, wéi vill Demanden agereecht gi sinn a wéi vill dat ann Ganze kascht huet.

Lëtzebuerg, den 20. November 2025 De Minister fir d’Fonction publique

(s.) Serge Wilmes

2/2

Related posts

1 Comment

  1. Catherine Gaeng

    Si cela va sans le dire, cela ira encore mieux en le disant : comme à votre habitude, vous calomniez et vous diffamez, en plus de raconter n’importe quoi.
    Ce n’est pas Enrico Lunghi, ce sont vos petits copains de RTL et leurs mandataires qui freinent des quatre fers dans cette affaire depuis presque dix ans maintenant, je renvoie au chapitre intitulé « Les manœuvres dilatoires » de MON deuxième livre pour votre édification et celle de vos lecteurs.
    Et pendant que vous y êtes lisez donc aussi MON premier livre, vous saurez pourquoi l’État paye ses frais d’avocat à Enrico Lunghi (attention divulgâchage : c’est à cause de l’irréflexion de M. Bettel).
    Si M. Goergen et les Pirates l’avaient fait il se seraient épargné le ridicule de leur question parlementaire derrière laquelle je soupçonne fortement l’intervention des petits copains susnommés et notamment cellui (l’écriture inclusive m’arrange bien pour le coup…), qui passe son temps à geindre sur ses frais d’avocat.

    Oh et puis réjouissez-vous, vous pouvez ajouter un nom à la longue liste des soutiens de Lunghi dans le monde culturel et médiatique puisque M. Franck Colotte vient de publier une critique élogieuse de SON dernier livre dans le Tageblatt :
    https://www.tageblatt.lu/kultur/chroniques-dun-monde-avant-fragments-classes-par-enrico-lunghi-et-lhumanite-en-miroir/

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *