Recent Posts

Post Categories

Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...

Blog Post

Divers

D’Leit gi gefrot, op si nach um Liewe sinn! Mat culot kënnt ee méi wäit! 

D’Leit gi gefrot, op si nach um Liewe sinn! Mat culot kënnt ee méi wäit!
Image parGerd Altmann de Pixabay

Do wor ech de Moien awer bal aus der Box gefuer: eng Persoun kritt zanter 3 Joer hir kleng Zousazpensioun, fir déi si Joer laang abezuelt huet. Kee grousse Betrag – just genuch fir 2 Pizza an 2 Mini- déi Mount fir Mount ausbezuelt ginn. Haut gouf déi Persoun per courrier gefrot, op si nach um Liewen ass.

 

schon eleng den Toun ass speziell: dans les prochains jours! Hallo. Geet et nach? Pensionéierter sin entweder an der Vakanz oder an der Klinik. D’approche ass och apart.Et muss ee beweisen, datt een tatsächlech nach röchelt. Muss ech dat elo och bei menger Pensiounskeess maachen?? A virwat gëtt een dat eréischt no 3 Joer gefrot? Ech huelen un, vu 70 Joer un muss een all Joer esou en Certificat ofginn, an no 80 muss een all Dag op seng Gemeng trëppelen. Well, wann ee stierft, gehéiert de Räscht vum Geld, wat een abezuelt huet awer net konnt wéinst Stierfall recuperéieren, der Assurance. Einfach herrlich, wéi schéin d’Liewe ka sinn.

Ech perséinlech krut ausgerechent, datt ech laut Statistik géing 88 Joer al ginn, wat natiirlech totale Quatsch ass, an zwar aus zweeërlee Grënn. Statistesch gëtt de Mann eppes klengs méi al wéi 80, an zweetens ginn d’Fëmmerten am Schnétt nach manner al. Ma, 88 Joer huet der Versécherung einfach gutt gefall. Domatter gouf meng Monatsrent méi kleng, an d’Chance, datt um Enn der Gesellschaft eppes iwwereg bleiwt, gouf méi grouss. Héiger Mathematik!

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *