Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Den OGBL schéisst eng Dron op d’LSAP! 

Den OGBL schéisst eng Dron op d’LSAP!
LSAP

Zanter iwwer 20 Méint huet d’LSAP e grousse Problem….mat sech selwer! D’Partei ass beim Bierger op engem historeschen Déifpunkt ukomm an huet et d’nämmlecht schwéier ewéi d’CSV virun 10 Joer, nämlech d’Vergaangenheet hannert sech loossen an d’Truppen nei mobiliséieren fir mat frëschen Iddien aus der Oppositioun d’Regierung ze observéieren, ze hannerfroen, an d’Labyrinthen ze bréngen. Si huet vun all deem näischt fäerdeg bruecht!

LSAP

Dat schreiwen net ech, ma e Journalist am Tageblatt. An dat ass u sech déi eigentlech Bomm. Datt d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding  bis ewell net grad geglänzt huet, ass scho bal banal Niewesaach. Si huet net dat néidegt politescht Wëssen an et feelt hier och u staarker Perséinlechkeet. Signifikativ ass, datt déi Attack op d’LSAP vum Tageblatt kënnt, vun enger Zeitung déi sech parteionofhängeg nennt an déi dem OGBL gehéiert. Kuerz: d’Attack kënnt vum OGBL,

Esou heescht et zum Beispill an deem Artikel, datt d’LSAP zimmlech bleech do stéing par rapport zu Déi Lénk an zu deene Gréngen, déi eng besser Oppositiounsaarbecht geleescht hätten, déi och konkret Virschléi a Saache Rentereform op den Dësch geluecht hätten. D’Madamm Bofferding kéim net un d’Rhetorik erun vun enger Sam Tanson, d’Partei hätt e Summerfest organiséiert wou ausgerechent déi fréier Spëtzekandidatin Paulette Lenert sech ofgemellt huet an allgemeng wier d’Situatioun tëscht Partei a Fraktioun ugespaant well eng Rei Mataarbechter hätten d’Fraktioun scho verlooss. Hefteg Feststellungen also, déi allerdéngs duerchaus ze vertriede sinn.

Scan vum Artikel aus dem Tageblatt

Wéi soll et weidergoen?

Et ginn zwee Nimm an d’Gespréich bruecht, zwee Männer déi den LASEP-Express nees sollen op d’Schinne setzen. E Youngster an en Oldtimer. De Ben Polidori géing fir déi frësch Loft suergen – deen ale Mief soll wuel,eraus!- an den Nicolas Schmit géif als valeur sûre aus der Rent reaktivéiert ginn. Dat erënnert un d’CSV, déi och no 10 Joer an der Oppositioun nach kee Spëtzekandidat an den eegene Reie prett hat als potentielle Staatsminister an déi bei d’Chambre de commerce sech däer hire President ausléine goung. Aus dem éiwegen Dauphin ënner engem Jean-Claude Juncker gouf Hokus-Pokus en neie Luc gemaach a fäerdeg war de politesche Lack.

LSAP

Geet dat och bei der LSAP op mat engem Nicolas Schmit? Ech bezweiwelen et ganz staark! Dee Mann huet zwar e grousst politescht Wëssen, ka sech rhetoresch imposéieren a kënnt trotzallem net un d’Biographie vun engem Luc Frieden erun an huet och net déi néideg sozial Kompetenzen fir sozialistesch Legionären mat pugio, gladium a pilum an d’Wahlschluecht ze féieren.

Esou einfach ass et net. D’CSV hat mam Luc Frieden op ee Siess eng méi grouss Finanz- a Wirtschaftskompetenz beim Wieler an hat zugläich d’Sécherheet an eiser Gesellschaft op d’Prioritéitelëscht gesat. D’Rechnung goung op. De Luc Frieden huet zwar mat Amenter Problemer, fest am Suedel ze bleiwen, d’Partei ass ëmmer nach net vill besser opgestallt – eng ganz Rëtsch Deputéierten sinn esou liddereg, datt si an der Privatwirtschaft stante pedes géifen entlooss ginn-, ma et bleiwen nach zwee Joer Zäit.

Déi zwee Joer bleiwen och der LASEP fir an dräi Joer mat neie Käpp a mat frëschen Iddien opzetrompen. Esou gesinn war déi OGBL-Attack grad dee richtege Warnschoss. Dem Mars di Bartolomeo seng Cappuccino-Geschichten aus enger fréierer Rentendebatt ginn net méi duer, de Bierger an also de Wieler hätt gäre konkret Zukunftspläng. Dorunner musse Partei a Fraktioun zesumme schaffen. Kromroden a Kromrodinnen, paakt et un!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *