Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Politik

De Staatsrot muss besser op sech selwer oppassen 

De Staatsrot muss besser op sech selwer oppassen
le QUOTIDIEN

Ënner anerem den Avis vum Statsrot iwwer de Gesetzprojet vun der Erweiderung vun der Sonndesaarbecht ass eng Frechheet Esou heescht et am Reportage vun RTL: “Wat dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo säi Gesetzesprojet iwwer d’Eropsetze vun der Sonndesaarbecht ugeet, esou betount de Staatsrot a sengem Avis, datt een net dierft ënnerschätzen, wéi een Impakt dat op d’Wuelbefanne vun de Salariéen a vun hire Famillen hätt. De Staatsrot ass iwwerdeems der Meenung, datt en Eropsetze vun der Sonndesaarbecht an d’Ëmsetzung dovunner sollt vun de Sozialpartner ausgeschafft ginn an net vun engem Gesetz imposéiert ginn.  Natierlech däerf jidder Member vum Staatsrot seng perséinlech Meenung zu där Thematik hunn , mä muss sech domadder an der Ëffentlechkeet an am Opsetzen vun Avisen ferrem zeréckhalen.

Nees eng Kéier ass déi kënschtlech Intelligenz méi gescheit ewéi déi real Dommheet, wann si den interesséierte Lieser drun erënnert, wat d’Roll vun der Héijer Kierperschaft ass: Au Luxembourg, le Conseil d’État a pour rôle principal d’émettre des avis sur les projets de loi et de règlementIl conseille le gouvernement, la Chambre des députés et le Grand-Duc sur ces textes juridiques, en vérifiant leur conformité à la Constitution et aux traités internationauxIl peut également être saisi de questions de nature juridique, notamment en matière d’interprétation de la loi. 

De Statsrot ass also op kee Fall do fir Politik ze maachen, parteipolitesch Politik. Wat hei de Fall ass. D’Gewerkschafte si begeeschtert: dem Staatsrot seng Avisen zu där Thematik hätte grad esou gutt kënne vun hinne geschriwwe gewiescht sinn. Ech perséinlech schléissen dat och net aus a mengen ze wëssen, a wat fir engem Eck déi Gëftzwerge-Strategie gegäert huet. . Schued, datt de Staatsrot sech mëssbrauche gelooss huet. Wien fillt sech beruff, deem Gremium d’rout Kart ze weisen?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *