Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Finanzen

De Finanzminister muss léiere schwammen…. 

De Finanzminister muss léiere schwammen….

Well d’Sue kommen nëmmen esou an de Staatsbeidel eragespruddelt!Op d’ganzt Joer huet de Staat bal 17 Milliarden u Steierrecetten erageholl, wat ëmmerhinn eng Hausse vun 12 Prozent bedeit. Wann ee bedenkt: déi lescht 5 Joer war et eng Hausse vun nëmme 5 Prozent- wat ëmmer nach vill war. Besonnesch am leschten Trimester huet et gescheppert, mat engem Plus vu 25% op e Joer.

Déi direkt Steieren op de Stéit an op de Gesellschaften hunn an där Progressioun bal 2 Drëttel ausgemaach: bei de Stéit war et eng Steigerung vu gutt 12  Prozent, bei de Gesellschaften vun ëmmerhin 20%; do heescht et vum Statec, datt eng Rei Gesellschaften mam Bezuelen hannendra waren, an déi Suen koumen du viru Chrëschtdaach an d’Staatskees erageflattert.

D’Recetten vun der TVA sinn ëm 9,3 Prozent eropgaangen, déi vun den Accisen ëm 8,2. An d’Verméigenssteier – déi verschiddener bekanntlech wëllen eropsetzen- huet e Spronk gemaach vun 160 Milliounen, ass gläich, eng Verbesserung vun 31 Prozent.

Do brauch de Pierre Gramegna tatsächlech keng Angscht virun der schwaarzer Null ze hunn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *