Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Finanzen

D’Aan op oder de Beidel! 

D’Aan op oder de Beidel!
image credits:pixabay

Zanter de leschten 35 Joer liewt eist Land an der Haaptsaach vun der Finanzplaz ! Dat gëtt zwar ëmmer nees erofgespillt, wahrscheinlech fir ze verstoppen, datt een keng Alternative fënnt, datt eis Economie ëmmer nach monolithesch opgestallt ass.

Aus enger Note un de Formateur vun der Regierung, Xavier Bettel, geet ervir, datt 0,84 Prozent vun de Betriiber zoustänneg sinn fir 75 Prozent vun de Staatsrecetten a Punkto Betriibssteieren ! Do reiwt ee sech fir d’éischt d’Aan, ier een sech et op der Zong zergoe léisst. An déi 0,84 Prozent si 4 grouss Finanzinstituter, also Auditgesellschaften a Banken. A wann een alles zesummerechent, dréit d’Finanzplaaz (+taxe d’abonnement etc) zu bal dräi Véirel zu de Gesellschaftssteiere bäi ! Mir sinn also eemol wéi d’aner Kéier komplett vun der Finanzplaz ofhängech. Garelabox et geet do eppes schiif.

 

A propos : do kënnt jo de Brexit. Egal op knallhaart oder méi soft, dat anert Joer verléisst d’Insel dat europäescht Haus ; a fir datt dat net an e Koup fällt, mussen déi aner Memberen eben méi déif an d’Täsch gräifen. Lëtzebuerg muss do mat zousätzleche Chargen rechnen vunn 200 – 300 Milliounen Euro. Eist Land muss doniewt zu engem Deel fir d’Indemnitéiten opkommen fir d’Chômeuren ënner de Frontallier : + 100 Milliounen !

 

Et muss een et an deem Kontext gesinn, wann d’Regierung elo higeet, an de Mindestloun eropsetzt, den ëffentlechen Transport an

image credits: pixabay

d’maison relais gratis mécht, wann d’Reform an der fonction publique réckgängech gemaach gëtt (80/80/90). Dat ass zwar zum Deel berechtecht – awer nëmmen zum Deel-, ma kascht richteg Geld : do kënnt een huerteg op iwwer 600 Milliounen, an et ass jo kaum dermadder ze rechnen, datt déi nächst Steierreform zum Nulltarif ze kréien ass !

 

Wann also d’Finanzplaaz och nëmmen e bësselchen den Houscht kritt – wéinst Brexit, wéinst Italien oder Frankräich- da geet dem Land an der Regierung séier d’Loft aus. Et héiert sech alles verdammt gutt unn, ass awer iergendwéi och mam Feier gespillt! An eist Land bleiwt op den éiwegen, a wa méiglech, héige Wuesstëm ugewisen. Vum Rifkin huet een och scho laang näischt méi héieren.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *