Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Coronavirus- grouss Onzefriddenheet an de Gemengen! 

Coronavirus- grouss Onzefriddenheet an de Gemengen!
Image par Rabasse de Pixabay

et zeechent sech ëmmer méi of: no deene Feierdeeg gëtt d’Regierung hir Exit-Strategie bekannt. Den Ament laafen d’Diskussiounen tëscht de Majoritéitsparteien op Héichtouren. D’Stëmmung soll iwwregens net déi Bäscht sin. Ma den Exit kënnt, an hannen um Wupp wäert erauskommen, datt de Bierger muss eng Mask undoen, soubal hien d’Hausdir hannert sech zouschléit; also entweder op seng Aarbecht fiert, akaafen oder spazéiere geet.

D’Droen vun enger Mask obligatoresch? Ech laache mech kabott. Viru Joer hu mir nach diskutéiert, ob säi Gesiicht vermëmmelen korrekt ass oder net. Vermummungsgesetz! A virun allem hunn Top-Experten eis nach viru Wochen plausibel erkläert, datt eng Gesiichtsmask näischt zu eiser Sécherheet géing bäidroen. Och Wëssenschaftler sinn nëmme Menschen an iwwer eng Milliard Chineesen hunn de Kapp gerëselt. Et sief! D’Mask soll am Krich géint de Virus eise Frënd ginn wéi dem Zaldot seng Flënt!

A grad wat dat Stéckelche Stoff ugeet, gëtt et zanter Deeg fatzege Knaatsch tëscht de Gemengen an “hirem” Inneministère.

réischt virgëschter hat et eng Reunioun ginn tëscht dem Gemengesyndikat Syvicol mat der Ministesch Taina Bofferding an do goung d’Stëmmung tatsächlech duerch de Plafong. D’Gemengen fillen sech nämlech vum Ministère komplett am Reen stoe gelooss!

Virwat soll all Gemeng eenzel där Masken bestellen? Grousser wéi Lëtzebuerg an Esch kënnen sech nach eventuell derduerch schloen, mä wat mécht eng kleng Gemeng wéi dat berüchtegt Klengwäinheffen”?! Virwat iwwerhëllt do net den Inneministère de Lead? Schliisslech huet och de Gesondheetsministère net d’Kliniken eleng wurschtele gelooss. Masken sinn an dësen Zäiten net esou einfach ze kréien, et sief, et léisst een seng politesch an diplomatesch Relatioune spillen.

D’Gemengen wëllen och op anere Punkten weiderkommen. Datt d’Poubellen weider eidel gemaach ginn, stoung ni zur Diskussioun. Wéi awer ass et mam Grünschnitt? Datt do an engem éischten Ulaaf d’Gemengenugestellten congé kruuten pour raisons familiales, war ze verstoen, ma dat war gutt fir zwou Wochen, déi längstens eriwwer sinn. Déi nämmlecht Fro stellt sech fir déi verschidden Recycling-Center. D’Gemengen hunn doniewt Probleemer matt den Ausschreiwungen: kënnen, sollen, däerfen där gemaach ginn?

D’Corona-Kris ass fir vill Ministeren eng extreem Erausfuerderung. Den Exit aus den provisoreschen Aschränkungen grad esou. D’Wirtschaftskris awer nach vill méi! Den Ament ass et mir net baang, mä wat gëtt dat ginn déi näechst puer Joer?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *