Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Coronavirus: a wat gëtt fir déi aner Patiente gemaach? 

Coronavirus: a wat gëtt fir déi aner Patiente gemaach?
Image par Sasin Tipchai de Pixabay

et ass elo net de Moment ze faalen a sech eppes ze briechen! Et riskéiert een nämlech, net deementsriechend behandelt ze ginn. Covid 19-Patienten hunn d’Prioritéit. Iwer 200 vun hinnen sinn den Ablack hospitaliséiert. Et ass normal, datt fir d’éischt no dëse Persounen medezinnesch gekuckt gëtt, mä, et ass awer grad esou anormal, wat mat deenen anere Patiente geschitt. E Mann schreiwt mir: “ Wann ech d’Madame Lenert mat besuergter Minn um Fernseh héiere soen, datt déi normal Behandlungen an de Kliniken géifen zeréckgoen an d’Leit net sollte fäerten an d’Klinik ze kommen, dann geet mir …. an der Täsch…!”

De Mann schreiwt sachlech, plangt mat Sécherheet näischt Béises, ma hie weess senger Hänn kee Rot. Säi Fall: hie war Mëtt Dezember zejoert gefall an hat sech un der lénkser Schëller an un der riétser Hand wéi gedoen. Hie kruut Rendez-Vous bei engem Spezialist fir den 20. Februar. Dat war also nach virun der Pandemie. Iwwer zwee Méint Waarden, dat war du schonn normal. Den Dokter huet eng rupture vun der Supraspinatussehn diagnostizéiert, ma dat konnt an de Roentgen net confirméiert ginn.

Dorobberhinn huet de Medezinner en Arthrosescanner fir d’Schëller an en IRM fir d’Hand verschriwwen. De Rendez-Vous fir d’Schëller gouf fir Enn Mäerz confirméiert, dee fir d’Hand fir den 22. Abrëll. Also scho mol 4 Méint Waarden, wat allerhand, ma zu Lëtzebuerg normal war.  U sech hätt de Mann mussen operéiert ginn, well et urgent war! An elo kënnt de Covid 19 an d’Spill.

Den Service an der zoustänneger Klinik gouf an engem Siéss agestallt, de Mann krut e polikopéiert Blat, si géifen sech mellen, wann “alles” eriwwer ass. Per courrier gouf hie gewuer, datt d’Rendez-Vousen op Enn Juni verluegt goufen. Un den Dokter koum hien bis ewell net, weder per Telefon, nach per mail.

dat anert Beispill ass vun enger Madame: si gouf Enn Februar mam Réck operéiert a schonn no 4 Deeg heem geschéckt. D’Klinik huet Better gebraucht fir d’Virus-Patienten. Dommerweis krut d’Fra eng Sehnenentzündung an déi riéts Hëft. Am Ufank ass nach duerno gekuckt ginn, d’Fra krut eng Infiltratioun gemaach, ma du war Funkstille. Der Fra hiere Fall gouf lénks leie gelooss, si krut emol net d’Agraffen vun der OP erausgeholl!! Dat huet een aus der Famill gemaach, an zwar zu engem Ablack, wou déi scho bal “agewuess” waren! Ech hu Billermaterial, dat ech aus Respekt fir dës Persoun hei net publizéieren.

Lëtzebuerger Verhältnisser! Virun der Pandemie waren si schonn dacks mënscheveruechtend a sinn et elo nach méi! Ech kann et bis e gewëssene Punkt noovollzéien, datt duerch de Virus eng gewëssen Hektik, jo esouguer Chaos entstanen ass, awer wann d’Ministesch quasi en Appell iwwer d’Medie mécht, et sollt een keng Angscht hunn, zu dësem Ablack an eng Klinik ze goen, da muss och dofir gesuergt ginn, datt sech anstänneg ëm dës Patienten gekëmmert gëtt!

“Et ginn Kriibspatienten, et ginn Leit op der Palliativ-Statioun: och si verdéngen déi néideg Pfleeg a mënschleche Respekt! “

Related posts

1 Comment

  1. Nadine Flammang

    Honnerten Better gin frai gehaal fir ‚imaginair‘ Patienten déi am Moment (zum Gléck) nët existent sënn… op d‘Käschten vun Leit déi och néidig Therapie oder Operatiounen braichten!.. daat ass och nët serieux wann réell existéierent Patienten nët oder vill méi spéit gehollef kréien wéinst Patienten déi goer nët existéieren!! Wem sengt Leewen ass dann di méi Wert… ween most sëch dann du un sou Prioritéiten ze sëtzen?…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *