Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Christian Kmiotek: all Gutts fir déi 60! 

Christian Kmiotek: all Gutts fir déi 60!

dëse Méindeg krut de Christian seng 60 Joer. All Gutts! Et bonne continuation! Awer iergendwéi ouni déi Gréng, oder, bedeitend manner. Den Här Kmiotek zitt sech als Co-President vun der grénger Partei zeréck. Mat 60 kënnt een an deen Alter, wou een iwwer säi Liewen nodenkt, eventuell esouguer éischter iwwer dat, wat engem nach esou iwwereg bleiwt, wou kee weess, wéi laang dat Stéckelchen Wee nach iwwerhaapt dauert. Ech kann dat beim Christian Kmiotek gutt verstoen, och ech sinn duerch déi Liewensphase gaangen. Oder stëmmen ieren gewësse Rumeuren, déi sech tëscht Kapuzinnergaass a Plëss d’Arem erzielt ginn?

et heescht nämlech, et hätt eng rezent parteiintern Reunioun ginn, op där et méi héich hier goung. Et wier mat de Flilleken geklappt ginn, also de Flilleck vun de Fundi géint de Flillek vun de Realo. D’Fundi wären der Meenung gewierscht, datt d’Partei erëm zeréck zu hire Wuerzele misst fannnen, also richteg ekologesch Politik maachen. E Virworf, dee sech de Champion-Realo François Bausch esou net wollt gefaale loossen. Et hätt eng fatzeg verbal Ausernaanersetzung ginn, déi schliisslech no Punkten vum Här Bausch gewonne gouf.

Dem Christian seng Demissioun koum allemol iwwerraschend a séier: Méindes mat Bio-Schampes déi 60 Kärzen ofgeläscht, Dënschdes a Mëttwochs de Kellech vun  der Monarchie laanscht zéie gelooss an Donneschdes Moies op enger Pressekonferenz de Récktrétt bekannt ginn. Wéi gesot, esou Rumeuren. Ma dat Sträitgespréich kéint dem Kmio seng Decisioun méi einfach gemaach hunn! Mat 60 Joer huet een effetiv verschidde Saachen net méi néideg.

Mol kucken, wat fir ee Flillek bei der Wiel vum nächste Co-President wäert gewannen. Den Ament gi sech déi Gréng zefridden, wann si houfereg behaapten, si wieren déi besser Blo. Mä, dat ass jo och nëmmen eng Fuerf!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *