Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

B&BB: Bausch a Big Brother 

B&BB: Bausch a Big Brother
Image parHebi B. de Pixabay

De Minister Bausch huet op der PK näischt dementéiert. Hie gesäit also och de Probleem mam”zousätzleche casier” a gëtt den Dossier weider un d’inspection de la police (IGP), also un d’Police an der Police. Ob dat déi richteg Decisioun ass? Wann et fett Probleemer an enger Famill ginn, ass et da richteg, wann aleng d’Famill probéiert, déi ze léisen oder ass et net ubruecht, Hëllef vu baussen ze froen, wéi e Mediateur, ee Familljenpsycholog, Therapeut? An, sorry! Den Hiweis, datt d’Gesetz nach ënnert der Fieder vum Marc Fiscbach (CSV) entstaane war, daacht och näischt! Net fir déi Partei a Schutz ze huelen, ma d’Gesetz ass 27 Joer al. E Gesetz muss ëmmer nogebessert ginn, schliisslech war virun bal 3 Joerzéngten den Dateschutz nach guer keen Thema,de Computer knapp erfonnt.

 

virun allem awer schéngt de Ministère, zoustänneg fir déi bannenzég Sécherheet, net seng Hausaufgabe gemaach ze hunn. Dat ass haut de Bausch, virdrun den Etienne Schneider. E Gesetz aus dem Joer 2002 gesäit nämlech eng sougenannten autorité de contrôle vir, an déi Autoitéit muss all Joer en Aktivitéitsrapport ofginn. D’Deputéierten Gilles Roth a Laurent Mosar hunn eng éischt question parlementaire gestallt, mat der Feststellung, datt den Aktivitéitsrapport fir d’Joer 2016 an 2017 iwwerhaapt net virläit. Déi Zwee waren awer wuel ze haseleg, well direkt drop koum eng zweet parlamentaresch Fro, an déi schléit an ewéi eng Bomm. Et gëtt nämlech e Rapport aus dem Joer 2015, an deemols schonn war d’Problematik vum Dateschutz bekannt.

Dans son rapport relatif à l’année 2015, l’autorité de contrôle a fait remarquer :

  • que le système de traitement des données figurant dans le journal des incidents de la Police est inadéquat par rapport aux règles de la protection des données ;
  • que les rapports dressés par les agents sont enregistrés dans une banque de données globale ouverte à tous les agents sur l’ensemble du territoire ;
  • que les agents de police détachés auprès d’autres administrations (p.ex. au SRE) ont continué de bénéficier de l’accès aux systèmes de traitement des données de la police ;
  • la nécessité d’éliminer les données une fois un rapport ou un procès-verbal a été établi et transmis au parquet ….

Méi däitlech kann een net sinn! Do gouf am Ministère wuel geschloddert, an zwar kräfteg! D’ADR hat schonn, éier dat dote bekannt wor, eng Enquêtekommissioun verlaangt, déi sech elo, mat deem dote Wëssen, méi wéi opdrängt! Zwee Ministeren sinn an d’Affaire involvéiert, deen ee méi ewéi deen aneren, an allebéid mussen si sech virum Parlament veräntwerten. A wéi d’Schicksal esou spillt: dat Ganzt erënnert den Här Bausch wuel un d’SREL-Affaire…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *