Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Gesellschaft

Allô, Lëtzebuerg! Mir hunn e Problem! 

Allô, Lëtzebuerg! Mir hunn e Problem!
Image par Thomas Breher de Pixabay

Den Ament dreiwen jugendlech Banden hiert Onwiesen a Stroossen a Gaassen vun der Stad Lëtzebuerg. Kuelegaass, Beaumontsgaass, Philippesgaass, Gare, Bouneweg, Lamperbierg. D’Haaptsaach ass, d’Affer huet eng gëlle Ketten un ronderëm den Hals, eng Rolex um Arem, déi ee labber kann erofrappen. Et handelt sech dobäi ëm Persounen, déi aus dem Maghreb kommen. Dat seet een awer net, well sos déi Leit stigmatiséiert ginn.

Et kënnt vir, datt d’Police ee vun hinnen ka festhuelen. Deen huet awer dann keng Pabeieren bei sech a behaapt, mannerjäreg ze sinn. Da gëtt dee berüchtegte Schankentest gemaach, géint dee sech den Ausseminister Asselborn virun zwee Joer esou medienträchteg gewiert hat, fir den Alter eenegermoosse korrekt anzeschätzen. Dat dauert awer an der Reegel tëscht e puer Deeg an e puer Wochen. Wouhinner esou laang mam Delinquent?

In dubio pro reo! Also gëtt dem Jugendlechen gegleeft, datt hie mannerjäreg ass a gëtt op Dräibuer transportéiert. Strubbelvoll! Déi wéineg Plazen sinn all besat. E Mannerjäregen och nëmmen eng eenzeg Nuecht am Bing fir Erwuessener verbréngen ze loossen, dat ass en absolutten no-go. An also gëtt dee jonke Mënsch op fräie Fouss gesat.

Wéi den Zoufall et esou wëll, d’Police ass munchmol net esou domm wéi si et selwer erlaabt. Déi lescht Woch hat si esou e Jugendlechen fir d’éischt festgeholl an dunn nees lafe gelooss, wéinst de bekannte Problemer zu Dräibuer. Den Dag drop war hier schonn nees esou e jonke Borscht an d’Gräpp gelaf an, kuck do!, et war deen nämmlechten wéie puer Stonne virdrun. Si huet hien eng zweete Kéier musse fräi loossen. Doriwwer gëtt awer net an der Ëffentlechkeet geschwat, well et kéint sech jo tatsächlech ëm e Mannerjäregen handelen.

D’Gesetz verbitt et der Police, der Press Detailer zu esou engem Fall bekannt ze ginn. Ma et héiert een ëmmer méi dacks vu Frustratiounsgefiller bei den Uniforméierten, déi sech souwisou vun hirem Minister am Stach gelooss fillen. An et héiert ee bei de Riichter eng ëmmer méi grouss Roserei eraus. Si sinn sech bewosst, datt, sollten déi Iwwerfäll am nämmlechte Rhythmus weidergoen, si selwer wäerten zum Buhmann vun der Natioun ginn. Déi Roll wëllen si net an iergeren sech iwwer d’Politik.

Domadder sinn zwee gréng Ministeren zum Danz opgefuedert. Den Henri Kox vun der Police an d’Sam Tanson vun der Magistratur.Den Ament setzen si allenzweee op eng valse lente….

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *