Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Finanzen

Akut Gefor fir d’Finanzplaz: dee Leschten leet de Schlëssel ënner den Teppech! 

Akut Gefor fir d’Finanzplaz: dee Leschten leet de Schlëssel ënner den Teppech!

 

Knapps hat ech mäin Artikel geschriwwen iwwer eise Finanzsecteur https://bit.ly/48stLAQ  dee vun der Regierung ewéi e Stéifkand géing behandelt ginn, a scho koum eng Hiobsbotschaft. Amundi schäffelt en Deel vu sengen Avoiren vu Lëtzebuerg eriwwer an Irland. Déi groussherzoglech Press huet bis dato näischt dovunner gemellt, dofir awer ausféierlech op Delano.lu:

delano.lu

6,7 Milliarden aus den ETF, dat ass net näischt. Et ass virun allem e Signal un d’Adress vun der Regierung. Ein Schuss vor den Bug! 14 Deeg virun de Wahlen. AMUNDI ass nämlech net grad e Garagen-Atelier, ma huet eng Clientèle vun iwwer 100 Millioune Leit, ass Leader an Europa wat den asset management ugeet a gehéiert zu den 10 gréissten global players. Also e Verwalter vu grousse Verméigen, vu Familljen, vun Entreprisen…

Wann een éierlech ass, sinn 6,7 Milliarden Euro Peanuts par Rapport zu deenen iwwer 5000 Milliarden, déi an der Fongenindustrie gebunkert sinn. Trotzdeem misst bei der Yuriko Backes de Wecker schellen; ma si muss jo op RTL Tëlee Pastatjutta kachen. Op der Finanzplaz allerdéngs gëtt d’Saach méi dramatesch gesinn: wann d’Beispill Amundi Schoul mécht, kéint et ganz séier de Bierga goen. Panik! An et ass ënnert de Finanzexperte wou een déi meeschten Oppositioun géint Gambia III ze héiere krit.

Et géing duergoe mam Gepiddels. D’Genossen a vrun allem déi Gréng kommen an de Finanzkreesser schlecht ewech, déi sech ëmmer méi dacks eng DP-CSV-Regierung wënschen. Déi Gréng fléien do bei der Däiwel, wat Schued ass fir d’Sam Tanson déi bis ewell e puer ganz iwwerzeegend Optrëtter an de Medien hat. Ma et sinn genuch anerer do fir de grénge Cortège ze verhonzen.

Zum Beispill e Claude Turmes mat sengem Optrëtt déi lescht Woch an enger table ronde bei der American Chamber of Commerce. De Mann huet virun allem der CSV ënner d’Nues geriwwen, datt een an dësen Zäiten net kann d’Steieren erofsetzen. Déi Meenung kann ee jo nach fir Gutt fannen, ma wéi de President vun der Amcham gemengt huet: hätt Lëtzebuerg méi aktiv um Dossier Google zu Biissen matgeschafft, wär déi Steierdiskussioun elo méi einfach ze féieren, huet den Här Turmes op stuer geschalt a kuerz drop d’table-ronde verlooss.

Dat Behuele kënnt natierlech exzellent bei den Observateuren eriwwer. Schlecht Manéieren? Oder ganz einfach d’Confirmatioun vun enger gewëssener Arroganz vis-à-vis vun engem Secteur, deen een am Léifsten zesumme mat Google a griecheschem Joghurt wéilt op de Mound schéissen.

Iwwregens huet de Vote fir den 8. Oktober schonn ugefaangen. 7500 Leit hunn de Vote par correspondance ugefrot, dorënner ronn 6600 lëtzebuerger Resident. Et wier gutt, wann déi Leit esou laang ewéi méiglech mat hirer Enveloppe déite waarden. D’Campagne huet nach net richteg ugefaangen an am finish ass gäre mat enger Iwwerraschung ze rechnen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *