Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Innepolitik

Affär ëm de geheime casier: virleefegt Enn oder neien Opdriff? 

Affär ëm de geheime casier: virleefegt Enn oder neien Opdriff?
Image par (Joenomias) Menno de Jong de Pixabay

et war den 18. Abrëll virun zwee Joer, wéi ech op dëser Internetsäit eng éischte Kéier vun engem geheime Casier bis geschriwwen hat: “ E Mann gouf a senger Jugend vun der Police ausgefrot an zwou Affären, bei deenen et ëm « coups et blessures goung, verbonne mat enger incapacité de travail an och ëm outrage à agent ». Et koum awer ni zu engem Prozess, also och net zu enger Verurteelung. Casier vierge deemno!

Joren méi spéit – zimmlech rezent elo- goung dëse Mann sech an eng Verwaltung vum Staat virstellen, fir eng Plaaz ze kréien. An deem Virstellungsgespréich goufen allerdéngs déi Faiten ugeschwat, déi sech a senger Jugend zougedroen haten, an de Mann krut ze verstoen, datt hien net dee Richtege wier, fir beim Staat ze schaffen !“

Wéi war esou eppes méiglech? Ëmmerhin war den offizielle Casier jo vierge? D’Affär – well et war eng- krut séier Réckewand: de Gaston Vogel huet sech juristesch interesséiert, den CSV-Duo Mosar a Roth huet se an d’Top-Aktualitéit vun der Nationalpolitik katapultéiert. Gëschter koum déi national Dateschutzkommissioun mat hirem Verdikt, an deen huet et a sech!

 

gkonline

 

D’Decisioun ass also eestëmmeg geholl ginn. Eng op de Bak fir Regierung a fir d’Magistratur, besonnesch fir d’Procureure générale, déi laang Zäit näischt vun der Affär wësse wollt. Déi politesch Brisanz ass nees do, an esou kommen d’CSV-Männer Mosar a Roth direkt mat enger éischter parlamentarescher Fro:

 

gkonline

Mä, d’Affär huet schonn deen nächste klenge Skandal: D’Decisioun vun der CNPD ass vum 5. Mäerz, gouf awer réischt déi lescht 24 bis 48 Stonnen notifiéiert; a bis haut (9Auer 54) steet nach näischt dovunner op hirer Internetsäit! Oder awer dach normal? Schliisslech handelt et sech ëm eng geheim Affär….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *