Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Affaire Rodrigues: rout Kaart fir d’Politik! 

Affaire Rodrigues: rout Kaart fir d’Politik!
Image par Carolina F de Pixabay

D’Justiz huet geschwat: de Foussballer Gerson Rodrigues huet eng Fra geschloen. Eppes wat een absolutt net däerf. Feeler Nummer 1. De Feeler 2 läit doranner, datt hien sech dofir net richteg an net genuch an der Ëffentlechkeet entschëllegt huet. Normal also, datt verschidden Organisatiounen – virun allem Fraenorganisatiounen-géint dee Mann manifestéieren, probéieren, him d’Liewe sauer ze maachen: de Ball kann net méi einfach esou weiderrullen ewéi wann näischt geschitt wier.

Feeler Nummer 3: d’Foussballfederatioun hat grouss Kommunikatiounsproblemer, soudatt hir um Enn – fir d’Geeschter e bësselchen ze berouegen- näischt aneschters iwwereg blouf ewéi eng Ethik-Kommissioun aus dem Hutt ze zauberen. Schéin a gutt, ma ech froe mech ob elo déi aner Federatiounen, déi aner Sportarten mussen nozéien fir och esou eng Ethik-Kommissioun an d’Liewen ze ruffen? Muss dat wierklech sinn? Geet de gesonnte Mënscheverstand net duer?

Feeler Nummer 4: d’Politik huet sech an d’Affaire Rodrigues agemëscht. Aha! Dichteg, dichteg, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten: eng gutt Geleeënheet méi, sech an d’Broscht ze geheien a fir eng kuerz Zäit an der Dagesaktualitéit fir Opmierksamkeet heeschen ze goen. Wat eng Hypocrisie! Do ware Politiker um leschte Match an der business-lounge, hu sech ‘Schampes a Kaviar’ gutt schmaache gelooss an haten an der Poschettentäsch eng rout Kaart erausluussen. Wat e Protest! Entweder richteg oder guer näischt.

U sech misst d’Parlament eng zousätzlech Kommissioun an d’Liewe ruffen, an där decidéiert gëtt, bei wat fir enge Geleeënheeten sech d’Politik dann elo anzemëschen huet a wéini net. Iergendwéi grenzt et u Lächerlechkeet bis Topegkeet!. Ech waarden drop, datt am däitsche Bundestag oder an der franséischer assemblée nationale iwwer en nationale Foussballspiller, iwwer en 100-Meter-Leefer, iwwer eng Schwëmmerin asw diskutéiert a polemiséiert gëtt.Tëscht enger Debatt iwwer Brandmauer an enger anerer iwwer de Krich an der Ukrain nach séier eng Affaire Schweini oder Mbappé..Do géif ee sech mat der flaacher Hand un d’Stier klatschen, wuel verstanen un déi eegen!

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Rout kaart allerdengs och fir eenzel journalisten dei sech umoossen den direkten rausworf vum duo Philipp /Holtz ze fuerderen.
    Enner anerem am t…do wou och en ex footballer RK seng schmierereien zu all meigleche aneren sujeten zum beschte gett…mieux vaut en rigoler soen zu Marseille 😀

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *