Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war, ënnerzegoen. Et war eng Zäit wou ouni d’Tripartite dausende Leit plakeg op der Strooss gesiess hätten. Et war en Antikriseninstrument, dat deemools perfekt funktionéiert huet, well sech déi dräi Säiten – Regierung, Patronat, Gewerkschaften- bewosst waren, datt et em den Zoossisswup goung!
Keen huet deem aneren iwwer de Wee getraut an nawell bloufen se Stonnelaang sëtzen, bis een Accord zustane koum. Dobäi hu Patronat esou gutt ewéi Syndikater mussen iwwer hire Schied sprangen, ob Fuerderunge musse verzichten fir op anere Punkten Satisfactioun ze kréien. Esou eng Atmosphär gëtt et schonn net méi zanter 20 Joer, ausser datt keen deen anere riche kann an d’Tripartite just als Selbstzweck mësshandelt gëtt.
Een Hohn war et, wann d’Dir vum Sëtzungssall just zou war, a schonn huet et baussen bei de Journalisten um Telefon SMSen gereent. Whistleblower vum Feinsten waren um Wierk Dat war zwar Gaudi fir d’Press, ma eng Katastroph fir d’Politik. Um Verhandlungsdësch gouf esou gemaach wéi wann een wéilt e konstruktive Bäitrag leeschten, ma a Wierklechkeet goung et engem just drëm, deen aneren an d’Messer lafen ze loossen.

Wann d’Verhandlung eriwwer war oder et wor eng Paus fälleg, da gouf déi betraffe Persoun zu hirer eegener Iwwerraschung vun engem Journalist an de sougenannten Urinoirs-Gespréicher mat konkrete Froen konfrontéiert, mam Resultat: Rache ist Blutwurst. An enger nächster Reunioun gouf de Knäipchen ënner dem Verhandlungsdësch gezunn. An dat riskéiert sech och dëst Joer ze widderhuelen. Ech gesi wäit a breet kee a keng dee méi wäit gesäit ewéi d’Nuesespëtzt: jiddereen verdeedegt just säin eegenen Zoppenteller an ass net bereet, e bësselche Ram fir déi aner iwwereg ze loossen.
D’Atmosphär ass am grousse Ganzen vergëft an dat obwuel d’Land (nach) net an enger esou uerger Kris ass ewéi viru 50 Joer mat de Schmelzen. Dat fänkt schonn un an de Regierungsreien. De Volte-face vun der demokratescher Partei fir op eng Tripartite ze dirängelen, war jo prioritär geduecht, fir de Regierungschef zimmlech blöd do stoen ze loossen- wat och gelongen ass. Schonn elo steet et o:1 géint de Premier, schonn elo huet d’DP eng éischt Schluecht gewonnen: gëtt d’Tripartite par l’impossible en Erfolleg, ka si dat zu hire Gonschten beim Wieler verbuchen; gëtt se awer e Mësserfollecg muss de Luc dofir déi ganz Responsabilitéit iwwerhuelen.

Vun de Gewerkschaften ass sech de rouden Teppech fir rout Strécher z’erwaarden. Datt fir si eventuellt Gefummels um Index de Rubicon bedeit, ass nach normal, ma direkt hannendrop kënnt d’Fuerderung, de Mindestloun zousätzlech eropzesetzen. Grad an dëse wirtschaftlech schwieregen Zäiten eng vermesse Fuerderung, et sief, et gëtt een eppes an d’Plaz, wéi zum Beispill d’Ofschafen vun engem oder zwee Feierdeeg. D’Bierger sollen duerchaus kënnen an der Dignitéit liewen, ma et ass ze einfach, just ze verlaangen a selwer näischt bäizesteieren,
Esou ass et net weider verwonnerlech, datt et de Syndikater net séier genuch geet fir bei där nationaler Tombola derbäi ze sinn. Ëmmer nëmme vum Sozialstaat wollen ze profitéieren, ass e Symptom vun enger kranker Demokratie! Solidaritéit däerf keen eidelt Wuert bleiwen. Dës Tripartite fänkt schlecht un, et kann nëmme besser ginn….