Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

2024 war wiederméisseg verschass! 

2024 war wiederméisseg verschass!

Enn Abrëll zejoert zitéiert d’Publikatioun virgule.lu d’Waasserwirtschaftsamt, datt et zwar gutt gereent huet, mä datt et net duergeet fir d’Grondwaasserreserven  opzefëllen.. Dobäi hat et gereent onënnerbrach zanter November 23! Maache mir eppes falsch? Solle mer net bis eriwwer an Tunesien oder Algerien luusse goen wéi déi et maachen? Esou Diskussioune provozéiere bei mir nawell gären eng Rétention urinaire! Bon, et koume gefillten 1000 Deeg décke Reen derbäi. Am Mee huet et geschott ewéi mat Eemeren: 176,5 Liter pro Quadratmeter; dat wor 2,5 méi ewéi den Duerchschnëtt déi lescht  30 Joer an deem Mount. 202405_résumé_mensuel_du_temps_mai_2024 Nach de 26. Juli koum Météolux mat der Warnung, datt bis zu 30 Liter um Metercarré kéinte gefall kommen, a mat der wichteger Präzisioun op rtl.lu:  Lokal kommen do awer ganz ënnerschiddlech Quantitéiten zesummen, wéi Meteolux schreift. Et rechent ee mat 15 bis 25 Liter pro Metercarré. Dat kann awer och plazeweis eropgoen op 30 Liter. Dat erkläert sech doduerch, dass d’Intensitéit vum Reen ganz ënnerschiddlech ka sinn, jee nodeem wou am Land en eben erofkënnt. Potznennö! Datt een also de Krunn méi grouss opdréit, datt tatsächlech méi Waasser gestrutzt kënnt. Esou Feststellungen gehéieren an d’Geschichtsbicher!

Déi 12 Méint vum vergaangene Joer zesummegerechent: 1090,2 Liter Reen koumen op eis erofgefall, 258,7 Liter méi ewéi an den 30 Referenzjoer vun 1990 bis 2020. Eng Hausse vun 31 Prozent! Dat héiert sech no vill un an dat ass et och…et misst op alle Fall déck duergoen fir d’Buedemreserven gutt opgefëllt ze hunn. Souwisou geet an dëse Méint dat sabbelegt Wieder weider an et kéint  an den nächsten Deeg esouguer e bësselche Schnéi gefall kommen. Sollt dëse Summer d’Waasser also  tatsächlech nees knapp ginn, maache mir definitiv eppes falsch.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *