Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Zäit-Spuerkont, ma ouni Zënsen! 

Zäit-Spuerkont, ma ouni Zënsen!
image credits:pixabay

Zanter dem leschten Hierscht gëtt et an der fonction publique de sougenannte compte épargne-temps (CET) an dee soll elo och Konsequenzen hunn fir de Privatsecteur; dobäi gëtt et dee CET scho méi laang am Privaten, d’Gesetz soll elo just nobesseren, op alle Fall déi verschidde Fomüllen, déi scho bestinn, och an Zukunft weider erméiglechen. Regelméisseg e bësselche méi schaffen, fir – um Enn vun der Carrière- sech kënnen eng ‘année sabbatique’ leeschten ze kënnen, bei vollem Lounausgläich. Héiert sech gutt unn, an ass et och. Ech gouf allerdéngs drop opmierksam gemaach, datt en net onwiesentlechen Detail mam Gesetz fir d’Fonction publique geännert gouf: bis ewell haten d’Leit per Gesetz ” un repos hebdomadaire de 44 heures consécutives” zegudd an dat ass elo net méi de Fall!

 

Den Artikel 18-5 vum Gesetz iwwer den Zäitspuerkont definéiert déi wöchentlech Rascht nämlech aaneschters: repos hebdomadaire de 24 heures auquel se rajoutent les 11 heures de repos journalier .

image credits:pixabay

An anere Wieder: 24+11= 35 Stonnen repos hebdomadaire! Dat mécht op eng gewësse Manéier Sënn, well et – och beim Staat- an de leschte Joer ëmmer méi komplizéiert gouf, déi 44 fräi Stonnen un engem Stéck ze respektéieren; ëmmer méi dacks koum et fir, datt en Service, en Ugestellten an der Illegalitéit wor. An nawell sinn déi 9 Stonnen repos hebdomadaire (44 – 35 =9) futsch, wéi den Alain Jaans feststellt, selwer Beamten an der fonction publique:

“…D’Auswierkungen kéinte besonnesch am Privatsecteur remarkabel sinn”

 

Eng Vendeuse  am Commerce hällt den Ament – wéinstens mol am Prinzip- Samschdes Owes um 18 Auer op, a fänkt Méindes géint 14 Auer nees unn; fir d’Saach net ze komplizéiert ze maachen, schwätzen ech elo hei net vun de verkaafsoppene Sonndeger. Den Ament huet déi Fra also 44 Stonnen un engem Stéck fräi. Mam neie Gesetz kéint déi nämmlecht Madame allerdéngs gezwonge ginn, Méindes Moies um 5 Auer unzetrieden!

Am Grousse Ganzen geet et wuel drëm, den Aarbechtsmarché ze flexibiliséieren. E Patron kann duerchaus sengem Handwierker soen. an der Woch schaffs Du all Dag just 7 Stonnen, dofir trëtts Du dann awer Samschdeg Moies unn! Déi Situatioun kann et och hautdesdaags ginn, nëmmen fällt dat deen Ament – am Prinzip- ënner d’Iwwerstonnen. Soziaale Fortschrëtt héiert sech aaneschters unn, oder? Et kann een et och zynesch ausdrécken: d’Gesetz ka Virdeeler hunn fir de Salarié a grad esou fir de Patron , eng win-win-Situatioun also.Mä, Här ass Här, a Max ass Max….

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *