Zanter ech en Hond hunn, stinn ech op Krichsfouss mat deene wäisse Strécher um Makadamm. Reegelméisseg stinn ech do Moies ze waarde mam schlechte Gewëssen, de Beruffsverkéier opzehalen, d’Leit an hirem Fläiss -fir matzäiten op d’Aarbecht ze kommen- auszebremsen, an dacks stinn ech do ze waarden fir ze waarden, an ze waarden, bis dann endlech ee vun de Piloten den Anker wërft a mech eriwwerléisst. De Rekord läit bis ewell bei 15 Automobilisten, déi laanscht gefuer sinn, déi gemaach hunn, wéi wann ech Loft wier.
Dorënner de Chauffeur vun engem Bus vun der ville de Luxembourg, dee mir allerdéngs en Zeechen als Entschëllegung gemaach huet, dorënner och e Bus vum RGTR, e Camion dee gebriedert koum ewéi am Paris-Dakkar, en Taxi – déi souwisou mengen, hinne wär alles erlaabt-, dorënner weiblech Chauffeuren esou gutt ewéi männlecher. Kräfteg rosen iwwer all dës Leit kann ech trotzdeem net ginn, schliisslech hunn och ech hanner dem Steierrad scho mol esou ee Foussgänger “iwwersinn”.

Liewensgeféierlech gëtt et esou richteg vu rieds- dat soll keng politesch Uspillung sinn. Et kuckt een no lénks, tatsächlech! Et bleift en Auto stoen. Glécklech setzt een de Fouss op d’Strooss, et hetzt een sech eriwwer op déi aner Säit, et fillt ee sech a Sécherheet, schliisslech ass ee jo um Zebra, um Altor vun all de Foussgänger. Näischt awer ass manner sécher! Déi Chauffeuren déi vu riets kommen, sinn nämlech grad esou kuerzsiichteg ewéi déi vu lénks. Konsequenz: de Foussgänger gëtt net méi Uecht, ma beweegt sech grad deen Ablack an enger Doudenzon.
Dees Lescht war ech an der Hallschecht vum Zebra ukomm, wéi vun där anerer Säit en décke Camion mat därmoosse Caracho laanscht mech gerannt ass, datt mir d’Bigoudien vun de Wuede gerutscht sinn; och d’Chauffeuren aus deenen anere Maschinnen déi stoe bliwwe waren, hunn dragekuckt wéi wann si der Medusa perséinlech begéint wieren. Op en Hoer wieren si Zeie ginn vun engem duebele Massaker um Goudrong!

No där Erfarung stellen ech mir d’Fro: Wat fir ee Sënn mécht d’Zebrasträif, wann si esou wéineg respektéiert gëtt? Ass si net am Géigendeel kontraproduktiv, wann si dem Foussgänger eng Sécherheet virspillt, déi et a Wierklechkeet dacks net gëtt?! Den Zebra, eng Fata Morgana? Wann dee Foussgänger allerdéngs permanent d’Recht hätt, egal wou iwwer d’Strooss ze goen, misst den Automobilist grad esou permanent am Alarm-Zoustand sinn, de Fouss méi no bei der Brems ewéi um Gas.
Do wiere mir dann an der totaler Zone-30 gelant! Ech si kee Frënd dovunner.. Eng Strooss ass do fir ze rullen, verstänneg awer net am Schleekentempo. Dann alles op de Vëlo? Éischter onrealistesch! Eis Haaptstad autofräi maachen? Seng Akeef just mat Bus, Tram a Péitrusszichelchen organiséieren? Den Doud vum Commerce! Et bleift mir wuel näischt aneschters iwwereg ewéi dem Hond de Code de la route bäizebréngen. 4 Aen gesi méi ewéi 2. An et bleift mir de klengen Trouscht, datt et och där aner Chauffeure gëtt, där déi selwer e Mupp hunn: si blénke mir scho vu wäitem als Zeechen vu Waffestëllstand op der Verkéiersfront, a sief et och nëmme fir 10 Sekonnen…