Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

Frank Bertemes iwwer Monarchie a Journalismus 

Frank Bertemes iwwer Monarchie a Journalismus
Image par Karolina Grabowska de Pixabay

 

“Dat Privat ass dat Privat an dat Ëffentlecht ass dat Ëffentlecht, mä wann an enger Famill Gewalt ugewannt gëtt, dann ass dat och eng Fro, e Fall fir de Parquet an ech froe mech esouguer, firwat hei de Parquet net ageschalt gouf.

Roy Grotz: Ass Gewalt ugewannt ginn?

Pol Schock: Ganz kloer.

Roy Grotz: Hues de Beispiller do? Also sou eppes hunn ech elo net gelies am Rapport selwer.

Pol Schock: Et si Leit, déi soe ganz glafwierdeg, datt si der an d’Schnëss kruten…

 

Sou dee wuel méi wéi aussergewéinlechen RTL-Presseclub mat méi wéi pikanten Aussoen vum Land – Journalist Pol Schock dee leschte Sonndeg. Et kann een also nach Hoffnung hunn. Jo et ginn nach Leit hei am Land – an dësem Fall Journalisten –  déi Courage weisen, nach “Couillen” hunn, wéi de Maître Vogel an där vun him gewinnter Däitlechkeet géif soen, Leit also, déi keng Läppercher sinn. Chapeau! Och den Tageblatt– Journalist Luc Laboulle war däitlech a sengem rezenten Editorial, wéi hien ouni ze zécken d’Aféierung vun der Republik (Vive d’Republik!) gefuerdert huet. D’Jongsozialiste verlaangen elo vëlleg berechtegt ee Referendum zur Staatsform – och dat kann een als iwwerzeegte Republikaner nëmmen ënnerstëtzen. Bedauerlech just, datt vun deenen “ale” Sozialisten, Liberalen a Gréngen haut kee méi eppes vun deem, wat si mol eng Kéier grouss op hirem Fändel stoen haten, wëll héieren. De Gaston Vogel wollt iwweregens scho mol eng Kéier eng Partei fir d’Republik grënnen, d’Republikaner, eng politesch Provokatioun vum Maître versteet sech. Oder dach awer méi wéi eng Polit-Menace, dierft ee sech haut froen?  Ugesot wär sou eng Initiativ zu dësem Zäitpunkt schonn, ee Moment, dee wuel opportun wär…Republik Lëtzebuerg? Natierlech  wëll rëm keen vun eiser etabléierter politescher Klass eppes dervun héieren. Nation branding oblige…wou kéimen dann och d’Touristen hier, wa mir eng Republik wären?

 

De Geck an den Eck awer. Eng Fro drängt sech effektiv op: Gewalt um Haff? Wann deem sou sollt gewiescht sinn, da goufen et Affer. Awer ni iergendeppes no baussen….à la grand-ducale, versteet sech. An nach : Pikanterweis huet vun all deem zwanzeg Joer laang keen eppes matkritt? Huet deemno jiddereen de Bak gehalen, fir et mol op lëtzebuergesch ze soen? Mon oeil…

 

Egal wéi, mir liewen an engem Rechtsstaat, fir deen d’Gewaltentrennung glécklecherweis sakrosankt ass an deen deemno fir all Mënsch gëllt. Duerfir leeft elo eng Enquête beim Parquet, wat net méi wéi richteg ass. Dat ännert awer näischt drun, datt dee couragéierte Journalist Pol Schock Face gewisen huet an däitlech a senger Ausso war. Hoffentlech bleiwen déi Leit, déi fir hien “ganz glafwierdeg” waren, och an hiren offiziellen Temoignagen, déi jo evident wären,  konsequent a schwätzen Tacheles!

 

Spéitstens dann awer huet eis  “konstitutionell Monarchie” een eeschte Probleem…

 

Frank Bertemes

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *