Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 

Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit!
Photo de Tara Winstead: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/bleu-texte-mots-vue-de-haut-8850854/

Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der Demokratie gedriwwe sinn. Déi sozialistesch Buergermeeschtesch vu Paräis,  d’Anne Hidalgo zum  Beispill mécht déi lescht Joer den Uz mat der sougenannter Biergerparticipatioun, déi si zu hiren eegenen Zwecker, politeschen Ziler instrumentaliséiert. Enn Mäerz kruten d’Paräisser an engem Referendum ze decidéieren, ob si mam Projet aus der Märei averstane sinn, fir aus 500 weidere Stroossen a Gaassen Foussgängerzonen ze maachen, mat Hecken a Beemercher, also aus verpeschten Autohellen friddlech Gaardestroosen ze zwaffen. D’Resultat war op en Neits en Desaster.

1 Millioun 391.000 Wieler hätte kënne matmaachen, mä an der Stad vun der Léift bloufen se op deem Sonndeg léiwer gekuschelt am Bett leien. Just 4,06 Prozent hate Loscht a Kraaft, sech an d’Wahlkabinn ze schleefen, also grad emol 56.475 Bierger, déi hiren Ziedel an d’Urn gepucht haten. A vun deene 4 Prozent waren 82,95 Prozent mam Projet Hidalgo averstanen. Fir d’Buergermeeschtesch eng méi ewéi däitlech Majoritéit! Hierësseg!

Photo de Mikhail Nilov: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/selection-politique-vote-electeur-8846404/

Déi ronn 83 Prozent bestinn aus 46.846 Wieler. Si sinn déi ‘nei’ Majoritéit vun 1,4 Milliounen. Wien dat net agesäit, kann net rechnen. Basta!  A Wierklechkeet ass et eng Néierlag fir d’Demokratie. War de Fong vum Referendum net spannend genuch? War hien net gutt organiséiert?  Wär d’Bedeelegung grad esou schappeg gewiescht, wann et ëm d’Sécherheet an der  franséischer Haaptstad gaange wier? D’Kriminalitéit a verschiddene Quartieren goung ëm 250 Prozent an d’Luucht!

D’Resultat vun dësem Referendum ass op jiddwer Fall net fir sech domadder ze bretzen. Huet d’Buergermeeschtesch elo wierklech den Optrag krut vun de Bierger, d’Stad voll mat Beem ze besetzen? Aus dem wibbelege Paräis eng Oas ze schafen, wou Schof a Wollef sech um boul’ Mich de Guddenueechtkuss ginn? Wisou ass dem Paräisser seng Stad esou onwichteg? Anästheséiert vum Wuelstand?

Am L’Express(3848) mécht d’Abnouse Shalmani deen heiten Appell: cesser de cracher dans la soupe si nourrissante du libéralisme, se vanter crânement d’être le fruit d’une histoire qui a mis à bas l’obscurantisme religieux et absolutiste, permis l’émancipation du sujet en citoyen, de l’esclave en libre travailleur, du. bigot en libre penseur, de la censure en liberté d’expression (….). Also dat u sech demokratescht Instrument Referendum net ad absurdum féieren, esou wéi zejoert schonn, och zu Paräis mat der Froestellung, ob d’SUV-Autoen méi deier misste fir de Parking bezuelen ewéi kleng Ween.

E Referendum sollt menger Meenung no nëmmen a ganz wichtege Froen organiséiert ginn, an Themeberäicher déi decisiv fir e Land kënne sinn; esou wéi dat de Fall war mam Brexit fir Groussbritannien oder esou wéi dat duerchaus an noer Zukunft kéint de Fall sinn an eise bilaterale Relatioune mat den USA, mat Russland, China, Nato. Oder och déi al Leier: bleift Lëtzebuerg eng Monarchie oder wëlle mir éischter eng Republik ginn? Fir de ganze Rescht sinn déi Leit zoustänneg, déi all puer Joer vum Vollek gewielt oder ofgewielt ginn.

De Referendum däerf net iwwerstrapazéiert ginn, a scho  guer net mëssbraucht. Wann aus dem Projet 500 Beien- an Maulwuerf-Stroossen näischt sollt ginn, kann d’Madamm Hidalgo ëmmer nach soen: eng Majoritéit wollt et esou hunn! D’Vollek kann esou eppes vun topeg sinn….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *