Am Joer 2003 ass den Här K.M. gestuerwen. Schonn 23 Joer hir, nawell huet de Mann net seng Rou. Hie krut nämlech elo Post vun der Post. Eng Enveloppe mat sengem Numm drop, awer un d’Adresse vun engem vu senge Fissen. Bal 23 Joer no sengem Doud stellt d’Post Finance fest que votre compte bancaire n° LU………0000 est considéré comme inactif depuis 9 ans! Gelungent Gerechens: aus 23 Joer ginn der 9!
An et schéngt wéi wann den Här K.M. schonn eemol Courrier krut hätt vun der Post! Vous n’avez pas donné de suites à notre précédent courrier vous informant du statut inactif de votre compte au terme de 3 ans d’inactivité. Wou awer soll deemools dee Bréifwiessel higaange sinn? De Fils weess op alle Fall näischt dovunner.
Wat d’Saach méi komplizéiert mécht: nom Doud vum K.M. wor ee vun den dräi Jongen aus der Rei

gedanzt an hat refuséiert, de Konto vum Papp mat e puer Euro drop bei der Post zoumaachen ze loossen; zanterhier existéiert dee Konto zwar ëmmer nach, ouni allerdéngs benotzt ze ginn. D’Post huet deemno duerchaus d’Recht, fir drop hinzeweisen qu’en absence de prise de contact ou de toute activité de votre part sur une période de 10 ans consécutive, les avoirs présents sur le compte pourront être transférés à la Caisse de consignation. Allerdéngs ass d’Manéier e bësselche komesch. fir net ze soen: läit nieft der Plack.
Wann der Post wierklech dru geleeë wier, e weidere Schlofkont ze verhënneren, hätt si hier Zerwisser bedeitend méi fréi kënnen op de Fall setzen, an zwar scho virun iwwer zwee Joerzéngten mat engem perséinleche Schreiwes un déi dräi Ierwen; hei awer gouf en 0-8-15-Bréif op d’Rees geschéckt, wou just d’Kontosnummer huet mussen agesat ginn.
D’Post ass och äusserst optimistesch an appelléiert un de Verstuerwenen: afin de maintenir ce compte, nous vous invitons à nous contacter endéans les 30 jours! Dobäi ass d’Post zanter 23 Joer am Besëtz vum Doudeschäin.
D’Demarche vun der Post an allen Éieren, ma do huet ee sech d’Liewen wuel wëllen einfach maachen: ee virgedréckte Formular für alle Fälle,egal ob de Client nach lieft oder scho längst begruewen ass! An der Tëschenzäit ass ee vun den dräi Bridder verstuerwen, an et ass nees Post komm vun der Post. Héiflech gëtt kondoléiert, dann awer direkt drun erënnert, datt en Doudeschäin feelt an datt muss e Formular ausgefëllt ginn.
D’Verwaltungen sinn eben zu Lëtzebuerg héich effikass: si ploen een bis an den Doud eran….