Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

De Polizeistaat bis an d’Kachdëppen 

De Polizeistaat bis an d’Kachdëppen
Photo de Donald Tong provenant de Pexels

viru Joer gouf et zu Lëtzebuerg en echte Prozess. Eng Fra hat e Mann ugeklot, well deen plakeg duerch seng Stuff getrëppelt war a bei der Fënster säi beschte Kolleeg gewisen hat. Dat mécht een net! An nawell gouf de Mann fräi geschwat. My home is my castle! Doheem kann ech maachen a loossen, wat a wéi ech et wëll. Ausser natierlech de Conjoint schloen. Mä déi Zort Privatbuerg ass am gaangen ze bréckelen.

Norwegen gëllt als eent vun de Länner, wou d’Demokratie grouss geschriwwe gëtt. Zu Oslo gouf virun engem Joer e Gesetz ugeholl, mat deem et verbueden ass, an der Ëffentlechkeet déi Homosexuell, Bisexuell an Transsexuell ze beleidegen. Déi Kategorie vu Leit gëllen als besonnesch geschützt vum Gesetz. Fir all Beleidegung, respektiv Frechheet un d’Adress vun deene Leit riskéiert een bis zu 3 Joer Prisong. Gutt esou! A sollt sech dëse Leit hir Situatioun an den nächste Joerzéngten normaliséieren, kann d’Gesetz jo ëmmer nach réckgängeg gemaach ginn. D’Gesetz geet awer méi wäit.

Fir all méi oder manner topeg Remark, déi een doheem hanner dem Kolonnenuewen iwwer Homosexueller mécht, riskéiert een grad esou Prisong. Zwar nëmmen maximal ee Joer, ma ëmmerhin! A Schottland gouf en änlechen Gesetzprojet diskutéiert: Hate Crime and Public Order, dat och Persounen mat Migratiounshannergrond betrëfft. De schottesche Justizminister war der Meenung, datt d’Privatsphär net kéint lénks leie gelooss ginn. Net ganz zu Onrecht!

Schliisslech däerf ee bei sech doheem net Fra an/oder Kanner schloen, mëssbrauchen an et däerf een och net egal wéi vill Kaméidi maachen, scho guer net no 10 Auer Owes. Also gëtt et duerchaus eng Vermëschung vun der Privatsphär mat der Ëffentlechkeet. An nawell ginn esou Iwwerleeunge wäit!

Home sweet home? Tempi passati! Do muss een neierdéngs oppassen wéi e Spëtzbouf. Wann d’Bomchen sech Froe stellt, well eent vun de Kandskanner mat engem Auslänner erausgeet: e Prozess! Wann d’Elteren hirem Fils soen, datt et net glécklech ass, sech als neie Virnumm “Claudine” erauszewielen: e Prozess! E graffe Witz vum Monni no der 6. Drëpp? E Prozess! Et muss een nach just dat Ganzt als Beweismëttel enregistréieren, ma den Handy ass jo ëmmer derbäi… d’Alexa och net vergiessen. An d’Police kréich eng nei Unitéit, spezialiséiert op sex and crime doheem.

Nach si mir zu Lëtzebuerg wäit ewech vun esou enger Welt. Ma et erféiert mech schonn, wann ech esou Artikelen an der auslännescher Press liesen. De Sylvain Fort huet am l’EXPRESS d’Léisung: “Ne resterait pour y échapper que le silence. Chacun deviendrait sa propre prison. Seules les pensées seraient libres, comme dit la chanson”.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *