Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

D’Aggressivitéit an de Klinicken verduebelt a verdräifacht sech 

D’Aggressivitéit an de Klinicken verduebelt a verdräifacht sech
Photo de RDNE Stock project: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-en-veste-noire-assise-sur-une-chaise-de-canape-gris-6129048/

Zougestanen! Ech hat déck opgedroen wéi ech virun engem Mount en Artikel publizéiert hat, mam Titel: Ass d’Personal an de Klinicken senges Liewens net méi sécher? https://bit.ly/4gcBB4k  Elo weess ech, datt ech komplett richteg loung. Den CSV-Deputéierten Laurent Mosar hat an deem Kontext eng parlamentaresch Fro gestallt a krut et elo vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez schwaarz op wäiss confirméiert.

Datt Panzvollisten Radau schloen, dovunner konnt een ausgoen; ma de Phenomen fokusséiert sech net nëmmen op si. Zanter 2018 ginn an deene verschiddene Klinicken Bilanen gemaach, an zanter engem Joer fonctionéiert esouguer eng speziell Struktur déi sech eleng mat deem Sujet befaasst: Signalementer vu Patienten déi sech aggressiv vis-à.vis vum Personal behuelen, sief et verbal,  also mëndlech oder esouguer physesch.

An der Haaptsaach betraff sinn d’Urgencen, also déi Plaz an enger Klinick, wou de Mënsch higeet, well et him

Photo de Pavel Danilyuk: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-etre-assis-canape-sofa-6193200/

gesondheetlech net gutt ass. Wéi ech schonn am éischten Artikel geschriwwen hat, kann ech duerchaus Versteesdemech opbréngen fir Leit déi mat vill Péng munchmol mussen iwwer 8 Stonne waarden éier si un der Rei sinn; do kann engem tatsächlech net nëmmen de Blinddarm ma och de Colis platzen. An dann iergert een sech alt mol. Trotzdeem! Déi Aggressivitéit schéngt eng ganz aner Envergure krut ze hunn.

Esou goung d’Zuel vun den Tëschefäll a verschiddene Klinicken déi lescht 4 Joer ëm dat Duebelt erop, an aneren ëm dat Dräifacht. Datt d’Ministesch net méi präzis ass, kann ech novollzéien: et wär bal Geschäftsschiedegend fir dës Spideeler. Esou vill verréit si dann awer: en 2023 le nombre d’agressions enregistrées auprès du CHL et des HRS s’élève à environ 185 cas. Also 92 Tëschefäll a jidderenger vun desen zwou Klinicken! All 4. Dag e rosene Patient, dee sech verbal oder physesch mam Fleegepersonal uleet!

Dat Personal kritt speziell Formatiounen, fir sech géint esou Ramboen ze wieren, wou et an der Haaptsaach ëm Techniken geet, de Stress beim Patient ofzebauen. Donieft hunn d’Klinicken eng Ekipp vu Sécherheetsleit, déi am Noutfall kënnen agräifen. An dat schléit an d’Geld:

Et soll een sech awer keng Kläppereien virstellen tëscht Fleege- a Sécherheetspersonal mat de Patienten. D’Ministesch ënnersträicht, datt all d’Moossnamen am Respekt vun der Dignitéit vum Patient geholl ginn; wann et da muss sinn, gëtt déi Persoun vun den anere Patiente getrennt fir de Risk vun eventuellen Interaktiounen op e strikte Minimum ze reduzéieren.

Schéi Geschicht! A wat maache mir elo domadder? Mir perséinlech feelt d’Ursaachefuerschung. De Politiker weess elo, datt et an den Urgencen reegelméisseg zu Ramba-Zamba kënnt, dacks well Personal, Dokteren a Patienten nervlech iwwerfuerdert sinn. Huelt Iech en Ticket a stellt Iech an d’Rei. Ech wëll déi Raudien net entschëllegen, ma wien schonn eng Kéier d’Nuecht an der Urgence verbruecht huet, weess vu wat ech schwätzen…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *