Recent Posts

Post Categories

Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...

Blog Post

Divers

Beim Coiffeur dem Vollek an d’Séil geluusst 

Beim Coiffeur dem Vollek an d’Séil geluusst
Marc Thoma

 

Beim Straubejitzer kritt ee munchmol Geschichten opgehaangen, do stinn engem d’Hoer zu Bierg. Net esou beim Pierrot am Rollengergronn. Mat 81 Joer schneit hien eemol wéi d’aner Kéier de Männer hiert Hoer, an dat schonn zanter 55 Joer. Seng Clientèle ass deementspriechend och net méi grad déi Jéngst. Säi Salon ass nach aus där Zäit, wou den 47 11 als gudde Parfum gegollen huet. An awer ass säi Salon eenzegaarteg.

Marc Thoma

Et brauch ee just duerch eng Dir ze goen a schonn ass een an engem Bistro. Do gesinn sech gutt Frënn. Eeler Hären, déi bei engem Patt iwwer den Härgott an d’Welt diskutéieren, och vill iwwer d’Politik. De Marc Thoma war bei hinne laanscht gefuer, bei de Coiffeur an dunn an de Café.

Déi eeler Hären weisen eis wéi et geet! Si hu politesch grouss Divergenzen, ma streiden sech ni dowéinst. Dofir ass d’Liewen hinnen ze schued. An esou kann duerchaus een iwwerzeegte Kommunist gudde Frënn sinn mat engem Paf….oder esou.

Marc Thoma

En interessanten Interview, feelt nach just den Don Camillo. Et kann een dem Marc säi Video och op apart.tv kucken an grad esou op youtube. Vill Spaass!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *