Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Arroganz vun der Justiz: 7 Joer waarden op säi Prozess! 

Arroganz vun der Justiz: 7 Joer waarden op säi Prozess!
Image par effigas de Pixabay

komeschen ma grad esou logeschen Zoufall: d’Prozedur fir de SREL-Prozess huet grad esou lang gedauert ewéi d’Dräierkoalitioun un der Muecht ass. Mat vill Tapage an inszenéiertem Mediespektakel gouf den “CSV-Staat” mat sengem ierweschte Guru JCJ an déi politesch Spënnchen geschéckt. Deen nämmlechte Kaméidi hätt ee sech jo fir d’Prozesswochen am Fréijoer kënnen erwaarden. Ma do gouf een eppes Besserem beléiert: een Deel vum Land ass zefridden an deen aneren Deel huet sech domadder offonnt. Den Interessi um Prozess huet sech staark a Grenze gehalen!

Net zu Lescht hunn d’Medien dorunner eng Co-Responsabilitéit. Mä warscheinlech wollt keng Redaktioun eng zweete Kéier dat Spill matmaachen, fir um Enn nees eng Kéier mat där nämmlechter Affair eng Regierung ze stierzen. Dobäi leien d’Fakten um Dësch: déi Deputéierten déi de JCJ gestierzt hunn, wossten 4 Joer virdrun Bescheed vum ominéisen Aueregespréich. D’Dokumenter leien alleguerten am Dossier. Aussoen vum Premier Juncker a vun den Deputéierten Bausch, Goerens virun der Police Judiciaire. Et war weider keen Thema an der Press!

virwat geet also de Parquet an Appell? Eng politesch Motivatioun gesinn ech net. An engem vu mengen Artikelen https://guykaiser.lu/srel-prozess-de-juncker-hatt-ni-daerfen-als-zeien-geheiert-ginn/ hunn ech probéiert, deen Appell reng juristesch ze gesinn, mam Resultat, datt de Staatsminister als Patron vum Geheimdéngscht nimols hätt duerfen als ZEIEN  an dee Prozess invitéiert ginn. Ma den Appell riskéiert vill manner relax ze verlafen ewéi am éischten Tour: bei deenen dräi Ugeklooten leien d’Nerve blank, de Rimm ass erof an et kéint mol sinn, datt si vill méi gespréicheg sinn a matt méi detailléierten Aussoen kommen. Dat MUSS net onbedéngt gutt sinn fir hiere fréiere Chef! Ma et kéint och zu engem neien Ament kommen.

Déi Dräi – Mille, Schneider a Kemmer – goufen an der Zäit zweemol vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun gehéiert. Déi éischt Sëtzung war ëffentlech; et wollt ee schliisslech Transparenz spille loossen, wuel awer och fir ze weisen, wat fir ee Gewulls de Chef vum Geheimdéngscht a “sengem Geschirrkasten” hat. Déi zweet Sëtzung vun der Kommissioun war à huis clos…an, si gouf opgeholl. Net mat enger Auer, ma ganz korrekt, an déi Dräi goufen och doriwwer an d’Bild gesat.

Dat Gespréich gouf op enger Diskette oder USB-Stick gespäichert, bis ewell huet nach keen dovunner geschwat. Et gëtt iwwregens och e Verbatim vun där Sëtzung. Wier et net ubruecht, déi geschwaten a geschriwwe Versioun mateneen ze vergläichen, si iwwerhaapt fräi fir d’Ëffentlechkeet ze maachen? Kruten déi dräi Geheimdéngschtler déi schrëftlech Versioun fir z’ënnerschreiwen? Schliisslech handelt et sech ëm hir Aussoen an enger Affaire, déi zu enger Regierungskris gefouert huet!

Am éischte Prozess gouf méi wéi däitlech: déi dräi Ex-Agenten bloufen bis zum Schluss loyal vis-à-vis vun hirem fréiere Patron. Elo am Appell lafen si e méi grousse Risk, hieren Asaaz um Geriicht kéint deemno méi schaarf ausfalen!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *