Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Divers

Als Rappel un d’Oekofaschisten! 

Als Rappel un d’Oekofaschisten!
Image by Dean Moriarty from Pixabay

Ech ginn et zou, den Titel ass e bësselchen haart, mä als Aentwert geduecht un all déijéinech, déi d’Klimaskeptiker “ Klimaleugner ” vernennen, als Gedankestréch zum Auschwitzleugner. Déi Schwäizer WELTWOCHE schreiwt des Woch vu Klimakommunisten!

Et gëtt elo gläich ee Joer, datt de Mëllerdall am Waasser ënnergoung. Et hat geschott, wéi mat Eemeren, Haiser a Geschäfter goufen iwwerschwemmt, vill Leed fir d’Leit dohannen! Et housch direkt no der Katastroph: esou eppes gouf et nach nie! E puer Wochen duerno koum d’Lëtzebuerger Wort mat Photoën aus sengem Archiv, déi just de Contraire sollte beweisen: viru 60 Joer goufen et ähnlech natiirlech Katastrophen. Et wor just kengem opgefall, och net de Wort-Journalisten.

Ech hunn an der Lëtzebuerger Revue aus dem Joer 1958 gekroomt, an hunn zwee gréisser Reportage gelies: Wieder-Katastrophen sinn tatsächlech keen Zeechen vun eiser Zäit, goufen net vum moderne Mënsch erfonnt, goufen et och deemols schonn. 1958 huet scho mol net gutt ugefaangen: am Januar an der ënneschter Halschecht vum Land vill Reen, an der ieweschter Halschecht, extreem vill Schnéi.

Och wa ke méi wollt dru gleewen, d’Fréijoer koum dach an am Mee koumen éischt Donnerwieder. Dat ganzt Land wor dofunner betraff, absëns awer d’Mousel. De Bulli, deen ugeschwemmt gouf, war e Meter héich.

Link Photo Lëtzebuerger Revue:

https://www.dropbox.com/s/agr2kydllhsiutz/nouveau%20document%202019-04-25%2010.53.05.pdf?dl=0

a weider Photoen:

https://www.dropbox.com/s/bx0yvcgcw2n52w2/nouveau%20document%202019-04-25%2010.57.37.pdf?dl=0

 

D en 1. Juli huet et de Péitrus nees kräfteg kraache gedoen, den ënneschten Deel vum Sauerdall war besonnesch getraff ginn. Den Dag drop schreiwt d’REVUE: In Weilerbach…Strasse und Eisenbahnschienen sind völlig verschüttet. Die Palisaden, von einer Höhe von 1.50 m, ragen nur noch teilweise oder gar nicht mehr aus dem Boden. Kuckt Ierch d’Photoen unn, si soen genuch aus…och dee VW-Käfer, deen op en Hoer am Bulli erstéckt wier!

https://www.dropbox.com/s/23cjrwc2woquq26/nouveau%20document%202019-04-25%2011.02.46.pdf?dl=0

                   “…ech wëll de Leit am Mëllerdall hiert Leed vun zejoert net kleng rieden…”

…ma Katastrofen goufen et leider nach ëmmer.Just datt de Mënsch derzou bäigedroen huet, datt d’Konsequenzen vun Héichwaasser an Iwwerschwemmungen permanent méi schlëmm goufen, wéi zum Beispill duerch d’Zoubetonnéieren vun Naturlandschaften. Ass et awer net éischter esou, datt mir net méi eens ginn matt der Kommunikatioun vun esou Katastrophemeldungen? Net genuch, datt mir schlecht Nooriichten aus eisem eegene Land quasi live kënnen um Handy verfolgen, ma zugläich kommen am News-ticker zousätzlech Hiobsbotschaften aus dem Ausland, mat engem push iwwer Erdrutscher a Südtirol, mat Photoën vu Gletscher, déi um Nordpol an e Koup faalen, matt engem Tsunami aus Indonesien! Dat ass dann ze vill dees Gudden, oder besser, dees Schlechten. Eist Gehir hält et knapp aus, eis Gefillswelt ass opgewullt, mir kommen zu der Konklusioun: dat gouf et nach ni! Krittescht Hannerfroen ass net erlaabt, Meenungspluralismus gëtt ersaat duerch Meenungsdiktatur!

Wéi gesot: viru 60 Joer gouf et eng op d’mannst grad esou schro Naturkatastroph ewéi zejoert, an deemols goufen et nach schankenhaart Wanter a keen huet vu Klimachangement geschwaat…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *