Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

Rentereform: läit en Deel vun der Léisung an der TVA? 

Rentereform: läit en Deel vun der Léisung an der TVA?
Image par Bernd de Pixabay

Eigentlech ass de franséische Staat am Eemer? Eng ëffentlech Schold vun iwwer 3000 Milliarden Euro an d’Pensiounsdëppe gëtt vum generéise Sozialstaat erdëmmelt. Eng Reform wier dréngend néideg, ma keen ass bereet, eppes vu sech hierzeginn. Macron a Bayrou musse probéieren, sech un dat 8. Gebot vum Moses ze halen, fir laanscht e gréisseren Opstand vum Vollek ze kommen. Sakgaass? Net onbedéngt. An der Nout léist ee sech déi kéngsten Iddien afalen!

D’Léisung a Frankräich kéint heeschen: sozial TVA. Ëm wat handelt et sech? U sech ëm näischt aneschters ewéi ëm eng Rallonge vum TVA-Saz:; ugeholl, déi normal Méiwäertsteier léich bei x Prozent. Da kënnt uewen drop d’Sozialsteier vun y Prozent. Den Taux klëmmt op x+y =z. Et handelt sech also ëm eng normal Hausse vun der TVA, woubäi allerdéngs séchert gestallt ass, datt d’Suen déi via d’sozial Steier erakommen, kategoresch fir sozial Zwecker geduecht sinn, déi am viraus gesetzlech festgeluecht gi sinn. A Frankräich soll dat de Fall sinn fir de Gesondheetssecteur a fir d’Pensiounen.

Ganz nei ass d’Iddi net. De President Nicolas Sarkozy hat dës Zort Steier schonn eemol agesat, säin Nofollger François Holland hat se nees ofgeschafen, mam François Bayrou soll si elo een zweet Liewe kréien.

Image par Markus Winkler de Pixabay

Den normalen Taux am Hexagone läit den Ament bei 20 Prozent. Eng Hause vun engem Prozent géing eng plus-value fir de Stat bedeiten vun 8 Milliarden Euro. D’TVA ass eng Steier déi jiddereen trëfft, ma deene meeschte Bierger ass se éischter onbekannt, respektiv, et huet een sech u si gewinnt an eng Hausse vun engem Prozent géing kengem schrecklech wéi doen.

Lëtzebuerg ass an engem änleche Fall. Zwar huet eise Staat keen esou giganteschen Defizit, ma och bei eis ginn d’Pensiounsreserve lues ma sécher zeréck. A well mir e butzegt Land sinn, wëlle mir net an esou eng desastréis Situatioun wéi eisen Noper geroden. Mir wëllen am Géigendeel antizipéieren. Awer och bei eis gëllt dat 8. Gebot, a kee wëll eppes fräiwëlleg ginn. D’Regierung denkt drun, de Pensiounsalter an Etappen eropzesetze mam Echo op der Gewerkschaftssäit: c’est non!

Also kéint eng liicht Hausse vun der TVA och bei eis eppes bréngen. Den normalen Taux läit bei 17 Prozent, den taux intermédiaire bei 14%, de reduzéierten Taux bei 8% an de super reduzéierten Taux bei 3 Prozent. Wann een sech bei eisen Noper ëmkuckt, huet een nach liicht Sputt. A Frankräich läit den. normale Steiersaz bei 20 Prozent, an Däitschland bei 19 an an der Belsch bei 21 Prozent. Eng Hausse vun engem Prozent wier ze verkraaften a kéint dem Staat ëm déi 300 Milliounen an d’Keese spullen, an d’Keesen vun der santé a vun der sécurité sociale.

Kloer! Eis Kompetitivitéit géing dorënner leiden, ma d’Laascht wier op dat ganzt Land verdeelt, léich also wierklech op breede Schëlleren. Déi lescht Hausse vun der TVA  am Grand-Duché geet op den Ufank zeréck vu Gambia, am Joer 2015. Deemools sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider am RTL-Interview: da musse mir eben e Gliesche roude Wäi manner drénken. Ma PROST dann…!

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Eng absolutt realistësch Léisungsméiglechkeet, grad esou wéi iwwregens eng Upassung vun der Solidaritéitssteier fir d’Renteversécherung matzestäipen. Jiddefalls besser, wéi all déi Fuerderungen, eng “Rentesteier” anzeféieren, fir d’Babyboomergeneratioun ze “bestrofen”, déi jo déi “déck” Pensioune kritt, eng Steier, déi iwwregens och scho mol op EU-Niveau ugeduecht gi war-net nei deemno. ‘t wär jiddefalls bedeitend méi sënnvoll, wéi eng Generatioun géint di aner opzehetzen-“wenig hilfreich”deemno. ‘t géifen och nach aner Quellen, fir d’Renten an eisem exzellenten éischte Pilier och fir déi nächst Generatioun ofzesécheren – just do dierft eis aktuell schwaarz-blo Regierung sech derlaanscht drécken ….Firwat wuel??

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *