Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Gesondheet

Oans, zwaa, gsuffa! 

Oans, zwaa, gsuffa!
Image by Sarah Richter from Pixabay

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez gouf dem Lëtzebuerger Wort en Interview, deen eigentlech komplett iwwerflësseg war. Titel: Zanter ech Gesondheetsministesch sinn, drénken ech keng Schlupp Alkohol. Och virdrun hätt si nëmme minimal gesippt, a fir d’Neijoerschreceptioun hätt et am Ministère just Cremant ouni Alkohol ginn. Boaah! Dat si politesch Aussoen wéi d’Land se brauch!

Och wann et net der Wouerecht déit entspriechen – wat ech heimadder der Madamm Deprez op kee Fall wëll

Image par Dmitriy de Pixabay

ënnerstellen-, esou wär si mat Sécherheet net an d’Ëffentlechkeet gaangen mat der Ausso: also mäin Dag fänkt un mat engem Café-Quetsch an Owes gëllt de Motto: das schönste Jäckchen ist immer noch ein Cognjäckchen. Esou Sätz hätten och scho fréier- wou den Alkohol nach méi Salonfähech war- Politiker dout gemaach. Et geet een einfach dovunner aus, datt e(ng) Minister/tesch eng Virbildfunktioun huet a sech och dorunner hält.

Et stëmmt wuel, datt eng ganz Partie Leit hiren eegene Alkoholkonsum erofspillen. Alkoholiker sinn déi aner. Ech dach net! 3 Kippercher – schonn eleng d’Terminologie ass interessant!-, duerno eng Fläsch Wäin zu Zwee a schliisslech e klengen Digestif fir am Bett gutt unzekommen. Ma esou guer d’Weltgesondheetsorganisatioun huet agesinn, datt eng extremistesch Interpretatioun och net dee richtege Wee ass.

D’WHO koum virun 20 Joer zu der Konklusioun: Wien an der Woch op zwee Béier kënnt, ass scho süchteg. Op déi Manéier waren 80 Prozent vun der Weltpopulatioun zu Alkoholiker ofgestempelt. Eng nei Liewer fir op d’GriewerWell déi Liewer war duerch den Alkohol zu der Gréisst vun enger olympescher Piscine erugewuess, bis uewe gefëllt mat Allohol.

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Datt déi WHO elo zimmlech rezent e komplette volte-face gemaach huet, schéngt keen ze interesséieren. Déi nämmlecht WHO-Equipe huet eng zweet Etude gemaach, mat enger dach bedeitend méi nüancéierter Konklusioun: Jugendlecher a jonk Erwuessener sollten d’Fanger dovunner loossen, mä an der zweeter Hallschecht vum Liewen wier näischt géint Alkoholkonsum ze soen, ganz am Géigendeel: Duerch den Alkohol – natierlech à consommer avec modération!- géifen et manner Häerzinfarkter ginn, manner Hiereschléi https://bit.ly/4533lFZ D’Etude koum virun engem Joer eraus a gouf och schonn an der Fachzäitschrëft The Lancet publizéiert.

Déi wéinegst awer wëssen dovunner Bescheed. D’Weltgesondheetsorganisatioun hat duerch hiren éischte Verdikt eng sachlech Diskussioun onméiglech gemaach, sou datt hiren zweete Verdikt keng Chancen hat an direkt am Keim erstéckt gouf. Dat geet esou wäit, datt Facebook d’Verlinkung zu mengem Artikel dozou zejoert zweemol erofgeholl huet. Dobäi war et keen Opruff zur Völlerei, zum Panzvollismus, ma just en zousätzleche Bäitrag fir eng kontroverse awer verstänneg Ausernanersetzung.

Wat net däerf sinn, dat ass och net. Basta! Et ass déi Meenungs(on)fräiheet, déi de Popst Leo XIV fir d’Neijoerschusprooch un de Pranger gestallt huet: de Raum dofir géing ausgerechent am Westen rapid méi kleng ginn. Er warnte davor, dass Gesellschaften, die eine moralische Uniformität erzwingen, Gefahr laufen, in autoritäre Strukturen abzugleiten. Ausgerechent den amerikanesche Vizepresident JD Vance huet änlech Wieder benotzt: 2025 verglich er Zustände in Teilen Europas mit autoritären Regimen und sprach von einer „Bedrohung von innen“, die gefährlicher sei als externe Akteure wie Russland. 

Mä warscheinlech haten déi Zwee iwwer den Duuscht gedronk!

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Nodeem dat sech um Chrëschtmaart souzesoen all Dag en Politiker mat engem Lokaljournalist beim Glühwäinstand fir ze prosten getraff huet, gett dann elo vun der Ministesch den Béierdeckel op de Patt geluet an gesot “Nee Merci, dese Mount net!”. Wann et wierklech em d’Gesondheet vun den Leit géif goen hätt sie och missten den Januar als Tubakfräien Mount deklaréieren, dann hätt déi gefuerdert Abstinenzlerei eng gewëssen Logik. Esou huet dat Ganzt en gewëssen hypokriteschen Bäigeschmaach. Nujee, wat mecht een net alles fir an d’Press ze kommen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *