Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Nom Sozialmonolog gehäit d’Regierung de Lëtzebuerger Modell an d’Piffkaul 

Nom Sozialmonolog gehäit d’Regierung de Lëtzebuerger Modell an d’Piffkaul
rtl.lu

Ech hunn déi kënschtlech Intelligenz ëm Hëllef gefrot. Wat ass d’Bedeitung vu Sozialdialog? An ech krut déi heiten Äntwert: Prozess des Austauschs, der Konsultation und der Verhandlung zwischen Vertretern von Arbeitgebern und Arbeitnehmern (den sogenannten “Sozialpartnern”), oft unter Einbeziehung der Regierung, um gemeinsame Interessen in Wirtschafts-, Arbeitsmarkt- und Sozialpolitik zu erörtern und zu regeln. De Sozialdialog besteet also aus dräi Voleten: 1. géigesäitegen Austosch, 2. Consultatiounen, 3. Verhandlungen. D’Regierung huet deen drëtte Volet faale gelooss, nom Motto: Mir kennen elo Är Positioun, mir decidéieren, wat mir dovunner zréckhalen a wat net. D’Syndikater reiwen sech Bäichelchen a Guckelcher!

Wat derjoomer huet den National-CEO geridden, fir d’Gewerkschaften esou virun de Kapp ze stoussen?! Just fir kloer ze stellen, wien den Här ass a wien de Max? D?Zäite vum Konsensualismus sinn zanter 10 Deeg begruewen, d’Gewerkschaften ginn net méi an d’Politik mat agebonnen. Circulez! Il n’ya (plus)rien à voire!

Mat deem Konsensualismus loossen sech net onbedéngt grouss Spréng an der Politik maachen. Ma hien huet dach de Virdeel – besonnesch an der lëtzebuerger Mentalitéit-, datt Rou am Stot ass. Dat ënnersträicht och eng frustréiert OGBL-Presidentin Nora Back an engem rezenten Tageblatt-Interview: Wir haben nicht verstanden, wieso die Regierung es nicht wenigstens darauf angelegt hat, zu dritt einen Kompromiss zu finden. Es hätte ihr die Sicherheit gegeben, dass wir alle zu den Vereinbarungen stehen und sie auch politisch verteidigen.

rtl.lu

Grad an der Politik hunn d’Syndikater elo näischt méi ze sichen. Dat mengt allemol den Effendi Luc Frieden. Wann hien sech alt net geschnidden huet! Scho virun der grousser Vakanz hat hien sech a senger Aschätzung geiert a sech zum Deel blaméiert; et haten zwar bei wäitem keng 25.000 Leit demonstréiert, an awer haten d’Syndikater kënnen ënnersträichen, datt mat hinnen ëmmer nach ze rechnen ass. An et kann en dovunner ausgoen, datt si grad elo wäerten méi ewéi jee an der Politik matmëschen.

Do bleift éischtens d’union syndicale tëscht OGBL an LCGB bestoen. Déi zwee Veräiner trieden op ewéi eng Eenheetsgewerkschaft, intern Meenungsverschiddenheeten ginn ënnerdréckt.UdS-2025-09-04-La-mobilisation-syndicale-impose-au-gouvernement-de-revoir-sa-copie-FR Bei der éischtbeschter Geleeënheet léisst dee Block d’Muskele spillen. Donieft ass dovunner auszegoen, datt den OGBL – souwisou alles aneschters ewéi onofhängeg- un der Nuebelschnouer mat der LSAP fummelt fir de Gewerkschaftsflillek vun der Aarbechterpartei ze revitaliséieren. An d’Kolleegen aus dem Tageblatt gi wuel drun erënnert, wou de Bock d’Lach huet!

An där Zeitung déi dem OGBL gehéiert, seet den LCGB-President Patrick Dury:  Gerade wegen der makroökonomischen Situation wäre es wichtig, für sozialen Frieden zu sorgen, das Land stabil zu halten, statt es zu destabilisieren, indem man das Sozialmodell über Bord wirft. Doch genau das haben die Regierung und der Premierminister letzte Woche getan. Dës Ausso léisst déif blécken: d’Regierung huet de lëtzebueger Modell an d’Poubelle vun der Geschicht gehäit, domadder fillen sech d’Syndikater vun alle Responsabilitéiten entbonnen: si gesi sech selwer net méi als “Staats-tragend”, ma kachen hier eegen Zëppchen.

Den Effendi Frieden huet dat leider ëmmer nach net verstanen. De Fall gesat, et kënnt zu enger gréisserer wirtschaftlecher Kris; eng Tripartite muss huerteg zesummegetrommelt ginn, fir séier, ganz séier iwwerliewenswichteg Decisiounen ze huelen. Léisst een do politesch d’Gewerkschaften grad esou plakeg stoen? Oder muss de National-CEO no engem Spadséiergang duerch de Gréngewald sech nees eng Kéier entschëllegen ? Dat riskéieren bluddeg Knéien ze ginn, wou de Roff laang Zäit eetert.

De lëtzebuerger Modell war nie perfekt, a war nawell fir ee klengt Land eng gutt Léisung. Ee fir se all, an all fir een!  Dovunner bleift elo näischt méi iwwereg

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *