An dëser zweeter Woch vum Bommeleeërprozess-Bis goung et méi schëtzeg weider, wéi et am Terminkalenner programméiert war. Nodeems d’Enquêteuren déi Haaptpunkte dem Geriicht virgedroen an déi Ugekloten an e schieft Liicht geréckelt haten, konnten déi repliquéieren a versichen, d’Uschëllegungen ze entschäerfen. Bei dësem Exercice hu gläich dräi Ugekloten op hirem Recht bestanen, näischt ze soen an op d’Froe vum Geriicht an dem Parquet net ze äntwerten. Allerdéngs gouf dës Haltung am Laf vun den Debatten verwässert, andeems d’Presidentin nawell versicht huet, Froen ze stellen, an si deelweis dann och Äntwerte krut.
Am Zeiestand hat en Enquêteur drop higewisen, dass bei engem Verhéier den Ugekloten, deemolegen Polizeichef Pierre Reuland, de memorabele Saz gesot hätt: „D’Enquête géing u Grenze stoussen, et géif een bis op e gewëssene Niveau kommen … an da wier Schluss.“ Op d’Fro, ob den Ugekloten géif de Groussherzog mengen, wier d’Äntwert gewiescht: „Nee, net de Grand-Duc, héich awer net esou héich.“

De Guy Stebens, deemolegen 25 Joer ale Chef vum GOR, huet am Prozess ënner Tréinen behaapt, hien wéisst net, wien d’Bommeleeër wieren. Hien hätt pénal sech näischt zu Scholden komme gelooss. Fakt ass: de Guy Stebens hat deemools als jonke Spunt déi vermasselt Observatioun Geiben organiséiert. Mee aus senge akribesch gefouerte Jores-Berichter ass just deen vum Bommejoer 1985 verschwonnen.
E gepefferten Requisitoire
D’Procureure Dominique Peters huet an engem gepefferten Requisitoire déi sechs Ugekloten alles anescht wéi mat Händschen ugepak an

d’Gravitéit vun engem faux témoignage ervirgestrach. Deen eenzegen vun de sechs Ugekloten, géint deen d’ Procureure keng Strof freet, ass den deemolege Member vun der Brigade mobile Marcel Weydert. Hien hat sech wéinst enger Foto an de Kasematten nom Attentat verheddert, sech dann awer „fënnef vir zwielef“ korrigéiert.
Fir déi aner Ugekloten ass de Parquet formell: all fënnef misste verurteelt ginn. Am schlëmmste trëfft et den fréiere Kommandant vun

der Brigade mobile an spéidere Generaldirekter vun der Police, Pierre Reuland, deen sech iwwer d’Institutiounen lëschteg gemaach, déi zwee Ugekloten Scheer a Wilmes an Schutz geholl an d’Aarbecht vun den Enquêteuren dauernd behënnert hätt. Fënnef Joer Haft fuerdert de Parquet fir de Pierre Reuland. Circonstances atténuantes wieren net ubruecht.
Fir de fréiere Chef vun der Sûreté, Armand Schockweiler, verlaangt de Parquet eng Strof vun dräi Joer. Hien hätt sech anungslos ginn a Beweisstécker verschwannen gedinn.


Als Haaptfigur an dësem Dossier gesäit Procureure de Colonel Harpes, deen versicht hätt, d’Insiderspueren mat falschen Aussoen ze verschleieren. Wéinst sengem héijen Alter vu 97 Joer gëtt dofir eng Strof vu just zwee Joer verlaangt.
Fir de Guy Stebens, deen wéi am éischte Prozess och elo am Prozess-Bis viru Geriicht gekrasch huet, gëtt annerhalleft Joer Prisong gefuerdert.
Déiselwecht Strof vun annerhalwem Joer verlaangt d’Procureure géint de fréieren Enquêteur vun der Sûreté, Guillaume Büchler, deen an der ominéiser Observatioun Geiben net d’Wourecht gesot hätt.
De Parquet betount dann och, dass bei kengem vun den Ugekloten Unzeeche vu Scholdunerkennung ze gesi wieren. E komplette Sursis wier fir kee vun hinnen ze accordéieren. Faux témoignage en matière criminelle wir nun emol e Verbriechen a keng Klengéckegkeet. Jiddwerfalls waren no dësem zolitten Requisitoire vum Dominique Peters laang Gesiichter ënner den Ugekloten an hiren Affekoten ze gesinn.
L’art de la plaidoirie

Allerdéngs haten awer scho viru dësem gepefferten Requisitoire zwee aner Affekoten – déi vun der partie civile Scheer-Wilmes – eng Stonn laang plädéiert. An dëse Plaidoyer huet enger reegelrechter Inzenéierung geglach. Sou huet de jonken Affekot Thierry Hirsch – deen nach net all ze laang am Metier ass – en aparten, theaterräifen Optrëtt higeluecht. Säi Léiermeeschter war eng kuerz Zäit keen anere wéi de Gaston Vogel. Sou hat dëse jonke Verteideger mat der Kollaboratioun vum Maître Vogel e Buch erausbruecht mam Titel: „Introduction à l’art de la plaidoirie“. Wien als Geriichtsjournalist jorelaang Honnerte vu Prozesser erlieft huet, weess, dass dobäi exzellent, gutt, schlecht, langweileg an deelweis esouguer kontraproduktiv Plaidoyer produzéiert goufen a ginn.
„Da steh ich nun, ich armer Tor …“
Dozou muss ee soen, dass de maître Hirsch net nëmme dat Buch iwwert” d’Konscht vun der Plaidoirie” geschriwwen huet, mee elo um Terrain, am Prozess-Bis, versicht huet, dës Konscht an d’Praxis ëmzesetzen. An esou huet sein Optrett , zesumme mat sengem Affekotekolleeg, un eng Aart Shakespeare-Drama erënnert. Scheer a Wilmes wieren déi eigentlech Affer, well och elo am Prozess-Bis d’Wourecht net op Tapéit kéim. An esou huet dem Goethe säi Faust-Monolog „Da steh ich nun, ich armer Tor, und bin so klug als wie zuvor“ och seng Plaz an dëser apaarter Plaidoirie fonnt.
18 Joer um Grill – 18 Joer am Glashaus
Et wier endlech un der Zäit, d’Omertà ze lëften. Scheer a Wilmes wéilten Transparenz: si wieren onschëlleg . Ouni déi Falschaussoe vun den ugekloten Offizéier am Prozess 2014 wier dat Bommen- Drama schonn zënter laangem um Enn. Well durch sie (d’Offizéier) séizen zanter 4.165 Deeg Scheer a Wilmes weider um Grill. E Schuedenersatz als préjudice

moral vun 583.100 Euro wier wierklech net ze vill. Déi zwee Ex-Memberen vun der Brigade mobile sëtzen zanter 18 Joer och an engem Glaskäfeg – eng Aart psychesch Folter, eng Hell op der Äerd. Niewt dëse Schreck-Biller à la Bruegel krut och eng „gewësse Press“ a Béierdësch-Individuen hire Moschter mat of. Scheer a Wilmes stoungen an stéingen um ëffentleche Pranger, an iwwerall wou si hikommen, géife si ugeglotzt, an hannert hirem Réck géif getuschelt ginn. Dofir géife si – déi onschëlleg wieren – fuerderen, dass d’Wourecht endlech op Tapéit kéim. De jonken Affekot mat der apaarter Rhetorik liwwert dann e konkret Beispill a Saachen „Grill“: wéi de Marc Scheer mat senger Famill an engem Restaurant souz, hätt eemol e Client hien ugeglotzt an durch de Sall geruff: „Do sëtzt de Bommeleeer.“