Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Justiz

Marc Thoma: Bommeleeër-Prozess-Bis – ënner héiger Spannung 

Marc Thoma: Bommeleeër-Prozess-Bis – ënner héiger Spannung
All d'Fotoen si vum Raymond Faber Enqueteuren

Dass de Bommeleeër-Prozess-Bis net geduecht ass, fir d’Bommeleeër ze neelen an et „nëmmen“ ëm faux témoignage geet, dat huet d’Präsidentin vun der chambre criminelle Elisabeth Ewert  direkt versicht kloer ze stellen. An der Theorie héiert dat sech plausibel un, mä an der Praxis, am Geriichtsall, kënnt dësen fromme Wonsch zolidd un wackelen. Well wéi eng Aart siameesesch Zwillingen sinn de Bommeleeër-Prozess 1 an de Bommeleeër-Prozess-Bis enk mateneen verknëppt. Dass et dobäi ëmmer erëm zu Iwwerlappunge kënnt an eng kloer Trennlinn schwéier ze zéien ass, läit an der Natur vun där extrem komplexer Geschicht. Fakt ass: Zanter e Méindeg sëtzen 5  Offizéier an een deemolege Sûreté-Enquêteur op der Uklobänk. (Zwee Matugekloten sinn gestuerwen, an een ass dement.)

Scheer/Wilmes/Avocats

Direkt um Ufank vum Prozess-Bis sollt et zu enger fauschtdécker Iwwerraschung kommen, wéi déi zwee, als mutmaßlech Bommeleeër ugekloten Ex-Memberen vun der Brigade Mobile , Marc Scheer an Jos Wilmes, gutt gelaunt mat engem Affekotenduo am Geriichtsall opgedaucht sinn. Eigentlech hat keen si erwaart: weder sinn  si an dësem Prozess-Bis ugeklot nach geet et hei ëm eng mutmaßlech Täterschaft, mä „just“ ëm… faux témoignage. Dass bei dëser Apparitioun- Scheer-Wilmes munch engem am Sall de Kënn op de Kollie gerutscht ass, war kloer ze gesinn. Well, deen deen d’Oueren gespëtzt huet ,  konnt  an deem strubbelvollen, grousse Geriichtssall Stëmmen héieren wéi: „Wat hunn déi Zwee hei ze sichen?“

Scheer an Wilmes dréien de Spiess ëm

Op dës an änlech Bemierkunge koum dunn séier eng pertinent Äntwert. Well knapps war de Prozess agelaut, schonn hunn déi zwee nei Affekote vu Scheer a Wilmes fir hir Mandanten partie civile gemaach an déi pénal Verurteelung vun den ugekloten Offizéier gefuerdert. Zanter 18 Joer séitzen hir Mandante schonn „um Grill“ an duerch déi falsch Aussoe vun den ugekloten Offizéier wieren si uerg geschiedegt ginn. Dofir géife si jee eng hallef Millioun Euro Entschiedegung nieft  65.000 Euro Geriichtskäschten verlaangen. An sou sëtzen Scheer a Wilmes  mat hiren Affekoten als partie civile am Geriichtsall hannert den ugekloten Offizéier – hire fréieren Cheffen.  Eng pikant Situatioun an där aus deemolege Mataarbechter  géigneresch Parteien gi sinn , wou een op deen aneren kuckt an genee oppasst, wat wien seet.

Dominique Peters-Parquet

An och de Staat trëtt als Niewekläger op, well duerch déi mutmaßlech falsch Aussoen vun den Offizéier als Zeien am 1. Prozess d’Identifizéierung vun de Bommeleeër verhënnert gi wier.

An wéi et an esou kriddelege Prozesser üblech ass, koum et och hei zu enger Rëtsch prozeduraler Ausernanersetzungen, vun deenen déi meescht Affekote-Fuerderungen vum Geriicht ofgewisen respektiv op de Fong getässelt goufen.

E Psychiater huet als Expert engem vun den Ugekloten eng anakastesch Perséinlechkeetsstéierung zougeschriwwen an eng Neurowëssenschaftlerin huet an engem laangen Exkurs iwwert d’Funktiounsweis vun Erënnerungen dozéiert – déi duerch Zäit an Ëmstänn kéinten zu Falschaussoe féieren. Mä dës eventuell Entlaaschtungs-Interventiounen hunn in fine op dem knubbelege juristesche Parcours a Richtung Wourecht kaum weidergehollef.

Et sollt sech dunn och séier erausschielen, dass d’Niewekläger Scheer-Wilmes  den ugekloten fréieren Cheffen net nëmmen plastesch  am Genéck sëtzen mä, dass sie  via hir Affekote  ëmmer erëm mat neie Fuerderungen si nerven. Sou geeschtert virun allem op hir Initiativ den fréiere Chef vun der Brigade Mobile, Ben Geiben, wéi en rosaen Elefant (dixit Me Hirsch) duerch de Geriichtssall. Hir Demande ,  nei Zeien – dorënner de Ben Geiben – ze ruffen, gouf awer ruckzuck vun der Presidentin ofgeblockt.

Insider-Wëssen a Froen , déi zanter Joren an der Loft hänken

Allerdéngs geet et an der  Haaptsaach  an dësem Prozess ëm déi vermasselt, respektiv bewosst torpedéiert Observatioun Geiben zu Bréissel an zu Lëtzebuerg, grad wéi et um Geriicht geknuppt huet. Eng – wann net DÉI – kardinal Fro op der Sich no der Wourecht ass déi, firwat grad dunn déi villverspriechend Spuer Geiben (Steil) komplett fale gelooss gouf. Domadder stinn déi ugekloten Offizéier an der Schosslinn vum Parquet – virun allem de Colonel Harpes, deen laut Enquêteuren 18 mol falsch Aussoe am 1. Prozess fabrizéiert hätt.

Harpes et Me Harpes

Den Enquêteur Marc Steffen kënnt dann als Zeien op d’Perquisitioun beim pensionéierte Colonel Harpes ze schwätzen, deen bei dëser Geleeënheet hinne gesot hätt, „hien hätt gemengt, am 1. Prozess dem Geriicht Täter genannt ze hunn.“ Op d’Fro vun engem Enquêteur, wien hien dann gemengt hätt, war d’Äntwert: „Maja de Geiben, an dann de Steil… dat war jo een, an dann déi zwee, de Jos an de Marc.“ Op d’Noofro, ob mat deenen zwee Virnimm de Wilmes a Scheer gemengt waren, ass d’Äntwert: „Jo, déi hunn him jo missten hannendrun lafen.“ Nodeems dunn déi dräi Enquêteuren d’Wunneng vum Colonel Harpes verlooss haten, sinn se – sou den Zeien – direkt mam Auto stoe bliwwen, fir sécher ze goen, dass se all dat selwecht héiere haten, fir dunn de geneeë Wuertlaut opzeschreiwen.

Mat dëser knalleger  Ausso verhäert sech dann och Thees , d’Insider wieren schonn ganz fréi wärend den Attentater bekannt gewiescht. Deemno hätt an der Gendarmerie de Corpsgeescht dominéiert, andeems näischt vun der Täterschaft no bausse gedroe dierft ginn. Intern sollt dat Ganzt gereegelt ginn ouni, dass d’Justiz sech ze vill dierft anmëschen . Stëmmt dës Thees, da passt dat genee an de Schema, datt deemools laanscht d’Justiz operéiert gouf an déi respektiv Untersuchungsriichter – virun allem de Prosper Klein – komplett am Reen stoe gelooss goufen an d’Gendarmeries-Spëtzt alles u sech gezunn hätt. Dat géif dann och passen wéi d’Fauscht op d’A, dass direkt den Dag nom leschten Attentat op d’Wunneng vum Colonel Wagner d’Wuechten op de verschiddenen, potentiellen Attentatszieler ofgezunn goufen an et geheescht huet: „D’Bommeserie ass definitiv eriwwer, et knuppt net méi!“

Opgefall ass och, dass d’Presidentin Elisabeth Ewert sech an de muedebëtzegen, extreem komplexen Dossier gutt

All d’Fotoen si vum Raymond Faber
Procureur Peters Dominique

ageschafft huet – wat mat deene honnertfache Niewegleiser an Nieweschauplazen  alles wéi net vu Kaffi a Kuch ass. Wéi voluminéis desen Uklo-Dossier ass, kann een och  plastesch gesinn, wann d’Vertriederin vum Parquet, Dominique Peters, stapelweis Akten a Dossieren an enger Kärchen  an de Geriichtssall schleeft.

An deen, deen den Dossier gutt kennt, muss och feststellen, dass d’Enquêteuren eng onwarscheinlech Fläißaarbecht geleescht hunn. Souwuel op d’Enquëteuren wéi op  de  Parquet dierft déi populär Teppechtheorie (ënnert den Teppech kéieren) absolut  net zoutreffen . Am Géigendeel,

Marc Weis-Enquêteur

de Versuch , d’Wourecht ëm déi 20 Bommen ënnert den Teppech ze kéieren, ass  sécher net vun Enquête a Parquet, mä vun anerer Säit orchestréiert ginn.  Deemno kloer: affaire à suivre… och elo an der zweeter Bommeleeër-Prozess-Bis-Woch.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *