Recent Posts

Post Categories

Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...
De Xavier Bettel zaubert dem Senegal d’Entwécklungshëllef ewech 
De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt....
Fueren d’Gewerkschafte (weider) Kutsch mat der Regierung? 
“Kann et eppes Klengs méi sinn?”. Déi Fro kritt een normalerweis beim Monni Metzler ze héieren, ma si applizéiert sech...

Blog Post

Politik

Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 

Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer!
Wikipedia
  • politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom.
  • eng ganz Partie Journalisten koumen nom leschte Politmonitor zu der Konklusioun: d’CSV huet e Problem.
  • dat ass richteg a falsch zugläich: d’Vollekspartei brauch sech mat hirem Resultat tatsächlech net ze bretzen, ma ëmmerhin huet sech bei all hire Leit déi am Sondage ofgefrot gi waren, d’Resultat bannent zwee Méint verbessert. Wierklech bei allen? Net grad!
  • de Regierungs- a Parteichef Luc Frieden huet zanter Méint d’Pedalle verluer. 43 Prozent fannen hie sympathesch, nëmme 60 Prozent gesinn hien als kapabel, fir iwwer Land a Leit ze regéieren. Grad fir e Staatsminister ass dat schappeg.
  • et ass deemno de Luc Frieden, deen e Problem huet. Seng Feeler si bekannt: schlecht Regierungsgestioun vis-à.vis vun de Gewerkschaften, schlecht Kommnikatioun no bannen wéi no baussen, Politik ouni Leidenschaft. Hien hätt vill méi gehäerzt mussen optrieden, ënner anerem mat enger Regierungsëmbildung scho viru Méint.
  • hie muss dréngend sengem Christoph Kolumbus begéinen, deen an him tatsächlech den “neie Luc” entdeckt, mat engem perséinleche Style fir mat de Leit ze schwätzen, si fir seng Politik iwwerzeegt ze kréien. Iergendwéi, iergendwou sech nei erfannen.
  • méi séier gesot ewéi gemaach! Deen neie Luc muss jo an der Kontinuitéit leien vu sengem “ale” Virgänger; hie muss authentesch wierken. En Hansdampf à la Xavier Bettel, dee mat de Leit Selfies am Sekonnentakt fäerdegbréngt, gëtt hien ni. Trotzdeem: hie muss u sech selwer schaffen.
  • ass de Luc Frieden zu esou self reflections bereet? Oder ass hien net éischter der Meenung, datt de Wieler an dräi Joer dat Positiivt wäert erkennen an deementspriechend och bewäerten? Regierungsgeschéck besteet net eleng aus enger Steierreform!
  • Ännert de Luc näischt u sech selwer, ännert näischt an der Regierungspolitik. Dat kéint dann e Problem ginn fir d’CSV, déi mat engem geschwächte Spëtzekandidat misst an d’Wahle goen.
  • Ofwaarden an e Mini drénken. Deen “ale Luc” -deen, deen der Politik de Réck gedréit hat- war jo och stënterlech reaktivéiert a wéi eng Duracell-Batterie opgeluede ginn. Fir wat sollt sech dat net widderhuelen?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *