An Däitschland riskéiert de Friedrich Merz zum 7. Bundeskanzler ze ginn, dee seng Missioun -. nämlech dem Land ze déngen- fréizäiteg muss ofbriechen an duerch Neiwahlen an déi politesch Wüst geschéckt gëtt. Den Ament as säi Leadership eng eenzeg Enttäuschung, seng Kommunikatioun an der eegener Partei an déi mam Koalitiounspartner nach méi mëssroden ewéi déi vum Effendi Luc Frieden zu Lëtzebuerg. Dat leschte Beispill betrëfft Israel an d’Palestinenser.

Gebongt. Däitschland huet duerch seng rezent Vergaangenheet e speziellt Verhältnis zu Israel. Et kann een duerchaus novollzéien, datt d’Nokrichsgeneratioun mengt, si misst nach eppes gutt maachen, an datt de Merz groussspuereg ukënnegt, datt Berlin politesch, moralesch a militäresch zu 100 Prozent hanner dem israeelesche Staat steet. Kuerz drop awer, radikale Volte-face: de Merz decidéiert een deelweisen Embargo op den däitsche Militär-Exporter an Direktioun Tel Aviv! Dobäi hat hie sech mat kengem aus der eegener Partei ofgeschwat, besonnesch d’CSU koum aus de Kéislächer gesprongen.
Wat huet dat elo mat Lëtzebuerg ze dinn?
Bei eis bäissen sech eng Rei Politiker op d’Lëpsen. Si fänken un ze verstoen, datt och si ze fréi de Mond opgedoen hunn mat der Ukënnegung, en evenuelle Palestinenserstaat unzeerkennen.Bei eis ginn Politik a Moral nun eemol vun de Finanze gedriwwen. An d’Finanzplaz ass méi ewéi nervös.
Sollt eis Regierung et tatsächlech eescht mengen mam Palästinenserstaat, ass guer net auszeschléissen, datt deem komesche Kauz am Wäissen Haus zu Washington d’Sécherungen duerchbrennen. Esou wéi den Donald Trump den Ament am gaangen ass, mat engem Taxe-Monopoly d’Alperepublik Schwäiz dréchen ze leeën, esou kéint deen nämmlechte President op d’Iddi kommen, d’Wierfele fir eis Finanzplaz nei ze rëselen.

Näischt méi einfach ewéi dat! Et geet schonn duer, wann de rabbelkäppegen Trump Drock mécht, fir eis op eng gro Lëscht ze tässelen. Dat ass Gëft! D’Clientèle gëtt veronséchert, plasséiert keng Gelder méi um Boulevard Royal, am schlëmmste Fall, zitt hier eegen Investitiounen aus der Vergaangenheet zeréck. Dobäi ass et schwéier ze soen, wien am meeschte betraff wier: d’Banken oder d’Investmentfongen? Amerikanesch Banken wéi d’State Street Bank, d’JP Morgan oder d’Brown Brothers sinn allemol déi gréisste banques dépositaires; zugläich ass déi lëtzebuerger Bourse staark ofhängeg vun den Aktivitéiten vun deenen amerikanesche Banken.
Weider gëtt een vu Finanzexperten drop opmierksam gemaach, wéi aussergewéinlech ondiplomatesch déi nei amerikanesch Ambassadrice op d’Initiative vum Grand-Duché reagéiert huet, sech als Gateway to China ze presentéieren. Dat schéngt hier guer net ze schmaachen, eng Initiative mat engem Geschmäckle vu Konkurrenz zu den amerikanesche Geschäfter. Nach ier d’Madamm Stacey Feinberg sech zu Lëzebuerg etabléiert hat, huet si Gëft a Feier gespaut; ech zitéieren aus dem Paperjam:
«La Chine est un acteur malveillant, ses intentions sont néfastes. Lucifer ne se montre pas sous les traits du diable. Il est souvent difficile de distinguer un ami d’un ennemi. Mais laissez-moi vous dire que l’espionnage industriel et la tromperie qu’ils causent à travers l’Europe sont extraordinaires. Et honnêtement, une grande partie de l’Europe – et en particulier le Luxembourg, je le dis avec humilité – n’est pas aussi informée que nous sur ce qu’ils font réellement. Ils ne passent pas par la porte d’entrée, ils s’infiltrent par les conduits d’aération.» An anere Wieder: mir sinn ze domm a mussen eis vun den amerikanesche Frënn hëllefe loossen, op dee richtege Wee zeréckzefannen.
Dees goufen sech elo d’Finanzleit bewosst an hunn eis Politiker un der Cravate ugehalen. Nëmmen näischt méi ënnerhuelen, dat déi amerikanesh Administratioun kéint vexéieren. D’Féiss roueg halen. De Palestinenserstaat muss waarden.
Ech denken allerdings dass d finanzplatz Letzebuerg gudd beroden ass vill mei business mat China ze mazchen…wann een dei deels chaotesch politik vun der US regierung kuckt.