Och wann et duerchaus erlaabt, jo esou guer ubruecht ass, d’CSV-DP-Regierung wéinst hirem Verhandlungs(mëss)geschéck ze kritiséieren, esou muss ee sech grad esou iwwer d’Behuelen vun de Gewerkschafte wonneren, sech Gedanke maachen iwwer déi intellektuell Hygiène. Datt sech munchmol am Toun vergraff gëtt, gehéiert wuel zum Zeremoniell, éier et an d’Schluecht geet. Mech iwwerrascht virun allem de Fong vun hire Fuerderungen a vun hiren Net-Propositiounen.. Si spille mam Feier, riskéieren muttwëlleg eng Zort soziale Biergerkrich.

De Patrick Dury vum LCGB huet zum Beispill ë.a. an de Sall gebläert: „Eng Politik um Réck vun de Salariéeën, déi an dësem Land schaffen.“ An der Iwwersetzung: mir schaffen fir en Hongerloun, an déi Räich ginn duerch eis nach méi räich. D’Nora Back vum OGBL huet och all d’Regëster gezunn, fir déi 700 Delegéierten bei der Staang ze halen. Op d’Regierung gemënzt sot si: “Wann se nach keng gréisser Sauereie fäerdegbruecht hunn, dann ass et just duerch eise Widderstand“, An der Interpretatioun: mir sinn déi Gutt a si sinn déi Béiss! D”Patronat krut och eng an d’Akaul: „Si sinn der Meenung, dass mer alleguer net genuch schaffen, dass mer alleguerten aus Prinzip lidderech sinn an alleguer misste méi schaffen.“ Domatter wär eigentlech alles gesot!
Et ass ewéi gesot normal, datt d’Gewerkschaften op d’déck Tromm schloen, d’Muskele spille loossen, Tam-Tam maachen. Hei awer spiert een am Ënnertoun eraus, datt et net onbedéngt sënnvoll ass, mat hinnen an d’Gespréich ze kommen, fir mat hinnen zesummen zu engem Kompromëss ze fannen. Virun allem allerdéngs gëtt – bewosst!-laanscht de Sujet an also laanscht d’Wouerecht gejaut!
D’Syndikatcheffen hu méi ewéi sécher den Avis gelies vun der Lëtzebuerger Zentralbank iwwer de Staatsbudget vum anere Joer. De Thierry Labro aus dem Paperjam huet bis ewell als eenzege Journalist d’Lecture vun deem Text gemeeschtert an hält ë.a. zeréck: Depuis 2021, les coûts salariaux unitaires ont augmenté de 24% au Luxembourg, contre 15% dans la zone euro. Aneschters ausgedréckt: wa mir esou weiderfueren, hu mir geschwënn alleguerten eng Lamborgini, ma et gëtt kee méi, deen eis de Bensinn fir déi Maschinnchen bezilt.
D’Lounkäschten si bannent 5 Joer ëm 24 Prozent geklommen. Mir si richteg deier a guer net méi

kompetitiv! Sinn dat déi Sauereien vun deenen d’Madamm Back geschwat huet? Ass dat eng Politik um Réck vum Salariat? Et ass ëmmerhin de Gouverneur vun der lëtzebuerger Zentralbank, deen dës Statistik mam eegene Blutt ënnerschriwwen huet! Mir hu Krich um Kontinent, villes an eisem Liewen gouf méi deier och a grad duerch den automateschen Index. Glécklecherweis stellt de Gaston Reinesch deen net a Fro, ma hie weist dach sachlech drop hin, datt de Grand-Duché e grousse Problem huet am Verglach mat den Nopeschlänner.
D’Patronat deelt déi Suerg, well d’Betriber déi Divergenz Dag fir Dag ze spiere kréien. A wat ass d’Äntwert vun de Syndikater? An der OGBL-Zeitung Tageblatt liesen ech mat Erstaunen déi zwou éischt Fuerderungen:
– Gesetzliche Arbeitszeitverkürzung von mindestens zehn Prozent bei vollem Lohnausgleich, deren Umsetzung zwischen den Sozialpartnern im Rahmen von Kollektivverträgen auszuhandeln wäre.
– Erhöhung des gesetzlichen Urlaubs von 26 auf 30 Tage.
Deemno nëmme Fuerderungen, keng Propositiounen. Fuerderungen déi an d’Geld schloen! Nëmmen huelen, selwer näischt ginn. Vun Ekonomie nach ni eppes héieren. En Trauerspill! Och wann d’Patronat d’Wouerecht net fir sech eleng gepacht huet, esou kann een dach hir Angscht novollzéien, datt d’Gewerkschaften de Rubikon iwwerschratt hunn. Ze spéit also, mat hinnen iwwer Spuermoossnamen ze verhandelen?
Zum Beispill e Feierdag manner. Dat deet wierklech kengem wéi, ma et bedeit Sauerstoff fir d’Wirtschaft. 11 där

Feierdeeg huet d’Land, besonnesch am Mount Mee wimmelt et nëmmen esou dovunner, dacks verbonnen mat Brécke-Weekender. Wär et dramatesch, op een Dag ze verzichten?! Den Echo aus de Gewerkschaftshielten ass neierdéngs bekannt: Sauerei!
D’36-Stonnewoch soll agefouert ginn Wonnerbar! Héiert sech un ewéi beim Monni Metzler: Däerf et eppes Klengs méi sinn? Nach esou eng Fuerderung déi nëmmen an d’Geld schléit, kengem eppes bréngt, awer eng grouss Belaaschtung fir d’Betriber bedeit.
Wéi gesot: eng Zirkus-Nummer ass am Ufank vu Verhandlungen erlaabt. Ma d’Diskussiounen hu viru Méint ugefaangen an d’Syndikater schénge keen Dibbelchen nozeginn. D’Regierung steet also virun där politesch net ongeféierlecher Decisioun: entweder bockelen, kleng bäiginn oder awer Politik maache fir d’Land. Bis ewell huet d’Ekipp ronderëm den neie Luc net dee beschte look ofginn!