Scho vun der SREL-Affaire héieren? Warscheinlech. Ma scho laang näischt méi. Et goufen deemools vill Affer, zum Beispill an der Politik, virop mam Staatsminister Jean-Claude Juncker, deen als Regierungschef och de Ressort vum Geheimdéngscht a senge Kompetenzen hat. En anert Affer war de Polizist a SREL-Mann André Kemmer. Hie gouf vum Déngscht suspendéiert.

Hien huet zum Trio infernal gehéiert, zesummen mam deemolege SREL-Chef Marco Mille a mam Franck Schneider, déi a reegelméissegen Ofstänn Rendez-Vous haten bei hirem Chef, also dem Staatsminister. Et gëtt sech verzielt, deen hätt si net ëmmer ganz eescht geholl, zum Beispill wéi si eng offiziell Reunioun zu Moskau hate mam russesche Geheimdéngscht a wou déi ouni ze zécken erzielt hunn, datt Russland fir d’éischt géif d’Krim attackéieren an duerno d’Ukrain. De Premier wier och an där enger oder anerer Reunioun net gutt drop gewiescht an hätt déi Dräi vernannt.
Aus där Ursaach wiere si frustréiert gewiescht an de Marco Mille hätt decidéiert gehat, op enger nächster Versammlung d’Gespréich mam Regierungschef mat enger spezieller Auer ze enregistréieren. Déi Versioun mécht awer kee Sënn. Et goung dem Mille drëm, de Premier mat enger Telefonsecoute ze confrontéieren; ëmmerhin wor an där Zäit d’Rumeur zirkuléiert, am Palais wier e Gespréich tëscht dem Grand-Duc an dem Staatsminister geheim opgeholl ginn.
De Franck Schneider – bis haut nach ëmmer gesicht vun der amerikanescher Justiz-soll déi Auer besuergt hunn. Den André Kemmer huet sech näischt aneschters virzewerfen ewéi datt hien dem Staatsminister vun där Auer verzielt huet; allerdéngs – wéi hien ëmmer präziséiert huet- zu engem Ablack wou d’Rumeur riskéiert huet, un d’Ëffentlechkeet ze kommen. De Mann ass den 11. Juni 2013 vum Déngscht suspendéiert ginn. 12 Joer! Eng laang Zäit!

Domadder ass elo Schluss. D’Suspendéierung ass opgehuewen, de Mann däerf nees schaffe goen – esou wéi hien sech dat gewënscht hat. Dësen Dënschdeg trëtt hien bei der Police un. D’Uniform wäert jo hoffentlech nach passen. Ma et heescht, hie kréich éischter eng Verwaltungsaarbecht.
Iwwregens gëtt et en Appell an där SREL-Affaire. Den D-day ass op de 4. Februar dat anert Joer festgesat. Just op engem Dag, also 3 Stonne maximum. An éischter Instanz waren déi Dräi fräi geschwat ginn, dorunner dierft sech a 7 Méint net vill änneren. D’Rehabilitéierung vum André Kemmer weist allemol an déi Richtung.