Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz dran, fir driwwer nozedenken, politesch ze polemiséieren. Ee Sujet awer huet mech rose gemaach: d’Rentendiskussioun. Net well déi gesamt Press dat groussherzoglech thematiséiert huet, ma ganz einfach, well et an deem Beräich keng Diskussioun gouf! Déi zoustänneg Ministesch Deprez hat wuel am Laf vun de Méint dat eent oder dat anert Gespréich mat de Sozialpartner – Patronat a Gewerkschaften-, ma esou richteg diskutéiert gouf – Hand op d’Häerz- ni! An da kommt Dir an zaubert wéi aus dem Hutt d’Léisung ervir.
Dat ass Fake! An dat riskéiert-entschëllegt Här Staatsminister- an d’Box ze goen, Dir sidd grouss an al genuch, ze wëssen, datt dem Lëtzebuerger e puer Saachen extreem un d’Häerz gewuess sinn, wou hien ausnamsweis bereet ass, dowéinst op d’Strooss ze goen: déi Helleg Kou vum Index, an….d’Renten. Dir kënnt Iech bestëmmt nach drun erënneren, wéi viru 25 Joer d’CGFP géint d’Ofschafen vum Perequatiounssysteem an der Fonction publique mobiliséiert hat. De Knuedler war schwaarz vu Leit an Dir waart schonn deemools an der Politik matzen dran. Mat där Erfarung hätt ech mir vun Iech méi Fangerspëtzegefill erwaart.
Dobäi sinn ech perséinlech mat menger eegener gewerkschaftlecher Vergaangenheet nach laang net ëmmer op där nämmlechter Schinn ewéi d’Syndikater an ech sti voll hannert Iech, datt in fine d’Regierung an d’Parlament mussen hir Responsabilitéit huelen, wann et muss sinn, géint d’Gewerkschaften. Den ablacklechen Zirkus an der Belsch ass e gutt Beispill. Bei eisem Noper gëtt et fir d’Chômagegeld kee fin de droits! Wat esou vill bedeit, datt 50.000 Persounen dat Geld schonn zanter méi ewéi 5 Joer kréien an 2000 zanter méi ewéi 20 Joer. Datt d’Regierung dat elo well ënnerbannen, ass méi ewéi legitim. Gewerkschaften déi sech dogéint wieren, deklasséieren sech selwer zu Ënnerstëtzungsveräiner vun de Lidderhanessen!
Dat lescht Wuert hunn also Regierung a Parlament. Well awer zu Lëtzebuerg déi zoustänneg Ministesch quasi net an der Ëffentlechkeet present ass, a well Dir, Här Staatsminister, zu Recht der Meenung waart, datt de Sujet ‘Renten’ net an Ärer Ried duerft ze feelen, hutt Dir aus der Schoul geplappert; an esouguer esou vill, datt d’ganzt Land virun e fait accompli gesat gouf. Dat ass e grousse Kommunikatiounsfeeler, well et gi Leit déi si verstänneg genuch, unzeerkennen, datt et tatsächlech e Problem gëtt an eisem Rentesystem: ze fréi an ze héich. No Ärer Ried allerdéngs wäert ee kaum deene Leit hir Stëmm méi ze héiere kréien, si geet ënner am Gejäiz vum allgemenge Protest.
D’CGFP schwätzt vun enger mascarade, en ale Mummendreck, an ech muss hier Recht ginn. Elo schonn ass den Tam-Tam ze héieren, deen op eis duerkënnt an deen eng sachlech Diskussioun bal onméiglech mécht. Schued! Well fir de Rescht war et eng gutt Ried. Här Staatsminister, Dir musst elo ganz séier reagéieren!