Gläich ass Chrëschtdag. A scho fänken d’Problemer un! Zum Beispill an der Terminologie. Chrëschtdagseet een net méi. Domadder schléisst een déi aus der Gesellschaft aus, déi näischt mam Chrëschtentum um Hutt hunn. Mir si gebieden, vu Solstice ze schwätzen oder ganz neutral, vu Familljefest Dobäi ass et haut net méi wichteg, ob ee gleeweg ass oder net, de sougenannten Hellegen Owend huet awer nun eemol en Zesummenhang mam Chrëschtentum: eng jonk Koppel, déi Schwieregkeeten. huet, e Logement ze fannen an déi grad -ouni et ze wëssen- e klengen Herrgott op d’Welt gesat huet.
Wa mir éierlech sinn: dorunner denken déi wéinegst vun eis. Déi dräi Kinneken goufen ersat duerch Playmobil, de klenge Jesus duerch kënschtlech Intelligenz. Chrëschtd…- pardon: de 24. Dezember ass vollgelueden mat Kitsch a Firlefanz. An awer: dee siwentleschten Dag vum Joer ass a bleift a ganz ville Familljen e wichtege Rendez-vous. Just datt e puer Klengegkeete geännert hunn, virun allem am gemitterlechen Uuchten. Een eenzege Menu mat Träipen, Gesolpertes oder mat enger Gäns opdëschen, ass hautdesdaags en no-go.
Fir deen een, ze fetteg, fir deen aneren eng Zort Blasphemie, well eng Frontalattack op déi eege Meenung an Iwwerzeegung. Wann een op iwwer 10 Invité kënnt, muss een op Schratt an Tratt oppassen; ee falsche Geste kann duergoen, fir e gréissere Konflikt an der Familljen auszeléisen.

Déi kleng léif Kichelcher zum Beispill, déi fréier esou friddlech am Schäffchen gebak goufen, hunn an eisen Zäiten duerchaus een explosiivt Potenzial. E Kichi besteet nun eemol aus Miel, an dovunner kann een oplafen, jo esouguer verstoppen! Et ass méi manéierlech, mat Miel vu Kicherierzen ze baken.
Beim Haaptplättel spëtzt sech d’Situatioun zou. Do hätte mir emol e Vegetarier, mat deem een iergendwéi zuweekënnt am Contraire zum Veganer, deen iwwerall en Hoer an der Zopp fënnt. Dann d’Tata Sidoni, déi eng Allergie huet op Fësch an déi dowéinst scho méi ewéi eng Kéier am Spidol gelant war. Donieft en iwwerzeegte Crudivore, dee säi Stéck Fleesch nëmmen dann ësst, wann et plakeg a sengem Blutt um Teller läit, en aneren verdréit näischt, dat ze schwaarz ugebroden ass, eng weider Persoun besteet op Béier dee Glutenfräi ass, an, an,an…

Kloer datt deen Owend muss Nikontinfräi sinn; Bomi a Bopi ginn an de Virgäertchen bei d’Goldfësch geschéckt. A jiddereen vun deenen Eeleren verzielt seng Geschichtelcher, schwätzt vu sengen Erfarungen mat Dokteren a Spideeler, vu senge klenge Boboen -. Moies deet de Réck gewalteg wéi, Owends ass engem schwindeleg- a mat engem gewëssene Bedaueren: et misst een nach eemol der 20 sinn! Et gëtt een d’Gefill net lass, wéi wann all eenzel Persoun am Sällchen hiren eegene Gynécolog/Urolog hätt, hire perséinlechen Hausdokter, wéi wa bei hir doheem sech déi verschiddenst Medezinner géingen d’Klensch an de Grapp ginn.
Dat alles erënnert mech un déi jonk franséisch Philosophin Julia de Funès, déi schreift: “Une époque qui ne cherche plus la vérité au-dessus de nous – dans les dieux, les idéaux, ou les grands récits- mais en dessous de la peau. Tout glisse de l’esprit vers le corps. De Fridden op der Welt ass Niewesaach, wichteg ass d’Harmonie am Réckkräiz!
An deem Sënn, e schéinen Owend,…wéi een esou seet!