Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

De Gewerkschaften hir Procrastinatioun 

De Gewerkschaften hir Procrastinatioun
Image by PublicDomainPictures from Pixabay

D’Gewerkschaften probéieren nees de Volleksopstand. Déi Kéier net mat de Renten, ma mat der Gesondheet. Et ginn nees Bréiwer un d’Regierung geschriwwen, net fir ze dialogéieren, ma fir ze betonéieren. An en ale Slogan gëtt vum Späicher geholl: keng zwou Klasse-Gesellschaft! Méi domm geet et net!

Grad wéi wa mir déi zwou-Klasse-Medezin net schonn zanter Joerzéngten hätten! 280.000 Leit sinn an der CMCM, dat si ronn 145.000 Familljen. Eng Cotisatioun vun am Schnëtt tëscht 50 an 90 Euro de Mount ka sech jiddereen dee wëllt, leeschten; hie muss op alle Fall net steeräich sinn, fir sech finanziell zousätzlech ofzesécheren. An esou ee butzege Projet ewéi deen vun der FindelClink ännert dorunner näischt Substantielles.

40 Joer waren d’Genossen – bei enger Ënnerbriechung- an der Santé um Rudder, mam Resultat: Pilotage à vue, Planwirtschaft, déi ganz Muecht un d’Klinicken, keng Grimmel Sputt fir Eegeninitiative vun de Medezinner. Eng vun den Ursaachen: an de Klinicken kënnen d’Syndikater matschwätzen a matdecidéieren, wat medezinesch Sënn mécht a wat net. Nach esou eng Bauzegkeet!

Fakt ass: ob an der Klinick oder ob am Cabinet vum Dokter regéiert dacks de Chaos, an de Patient muss laang waarden, bis datt hien un d’Rei kënnt. Ech ginn dovunner aus, datt dat och de Fall ass fir Gewerkschaftsmemberen. Déi schwaarz-blo-Regierung wëll deem entgéintsteieren, an et huet seng Zäit gebraucht bis datt dee Message bei den Dokteren ukoum. Laang, vill ze laang huet et gedauert, schliisslech ass si elo gläich zwee Joer um Rudder; wann een déi nächst Wahlcampagne ofrechent, ass d’Ekipp Frieden an der Hallschecht vun hirem Mandat ukomm a si huet net esou vill opzeweisen.

Gutt, datt d’Gewerkschaften eist Gesondheetswiesen verdeedegen, heescht et munchmol an de Commentairen an de sozialen Netzwierker. Ech ënnerschreiwen dat mat, allerdéngs mat dësem nota bene: och e John Castegnaro huet vill gebaupst, e Sozialkonflikt an Aussiicht gestallt, ma huet dach ëmmer probéiert am Interessi vum Land a vun den Ugestellten e Kompromëss ze fannen. Dacks koum hien mat eegene Propositiounen, souzesoen als Géigegewiicht zu Regierungsprojeten. Grad déi Astellung feelt den Ament bei de Gewerkschaftler.

An där ablacklecher Situatioun hunn ech den Androck, wéi wann LCGB an OGBL éischter d’Mentalitéit vum bloquons tout a Frankräich wéilten deelen. E Patrick Dury deen all Moies de Luc Frieden op enger Botterschmier eranhëlt, en Nora Back als verlängerten Aarm vun enger (inexistenter) LSAP-Oppositiounspolitik. D’Gesetz vun der Co-Gestioun bedeit jo näischt aneschters, ewéi datt d’Regierung Politik mécht an d’Syndikater däerfe matschwätzen. Net de Géigendeel!

D’Gewerkschafte sollen also duerchaus en Appell un d’Regierung maachen, sech op Mantelsonndeg waarm unzedoen, awer zugläich hir eege Positioun iwwerdenken. No 40 Joer business as usual jäizt de Gesondheetssecteur no Sauerstoff, no neien Iddien.  De Syndikalisten hire Slogan sollt dofir sinn: Net op déi laang Bänk schubsen, net betonéieren, ma kritesch begleeden, am Interessi vu Land a Patienten.!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *