Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

C’est non! 

C’est non!
Image par Luisella Planeta LOVE PEACE 💛💙 de Pixabay

An dësen Zäiten ass de Militärjargon acceptéiert: d’Regierung lancéiert eng Groussoffensiv an der Rentereform, an d’Gewerkschaften schéissen zeréck. De Statsminister huet e grousse Feeler gemaach an der Kommunikatioun, nämlech ewéi mam Panzer iwwer d’Sozialpartner ewechgefuer an d’Gewerkschaften zimmlech blöd do stoe gelooss. Dobäi sinn déi net besser: op all zweetem Bus-Arrêt ass op enger Pancarte ze liesen: une nouvelle baisse des pensions, c’est NON! Also alles esou si loossen ewéi et ass, a wann et wierklech net méi aneschters geet, dann d’ Cotisatiounen ëm 1 Prozent eropsetzen. Et kascht, wat et kascht. Fir de Rescht: c’est non. Et wëll ee mol net méi mat der Ministesch fir zousätzlech Gespréicher zesummekommen . Vum traditionelle Konsensualismus deemno keng Spuer!

Den Optrëtt vun der zoustänneger Ministesch Martine Deprez déi lescht Woch war Brach, awer mam verstoppte Message un d’Syndikater, datt um Rentendësch nach net alles g’iess ass. Also de Mëssel erofspillen, d’Geeschter berouegen a glécklecherweis ass elo Péngschten an d’forces vives vun der Natioun sinn op der Schëffcroisière. Vill och op Malle, wou jo den Aperol Spritz mam  Chalumeau aus engem gemeinsamen Eemer gesëffelt gëtt.

Anert Beispill vum der c’est non-Mentalitéit: d’Sonndesaarbecht, an der Haaptsaach am Eenzelhandel. “I love my fräie Sonndeg”, war scho viru 40 Joer de Motto vun enger Gewerkschaftscampagne, mam Resultat, datt hautdesdaags an de groussen Epicerien een deen aneren um hellege Sonndeg an d’Luucht hieft. An anere Wieder: d’Nofro aus der Gesellschaft ass grouss, fir Sonndes kënnen akafen ze goen. An d’Motiver vun der Säit vun der Clientèle sinn déi nämmlecht ewéi déi op der Säit  vum Personal: eng besser Organisatioun vun der Familljen.

D’Syndikater awer mengen, et sollt een d’Sonndesaarbecht op engem Minimum halen, fir datt d’Familljen au grand complet 2 Deeg hannertenaner fir sech huet. Si hunn net matkrut, datt d’Gesellschaft sech verännert huet, datt en anert Sonndesgebiet gelies gëtt; an engem Stot mussen an den allermeeschte Fäll déi zwee Conjointen schaffe goen fir iwwer d’Ronnen ze kommen a si wëllen hir Fräizäit esou rationell ewéi méiglech op- an andeelen. Oder geet et de Syndikater just drëm, d’Kollektivvertragsgesetz zu hiren eegenen Zwecker ze mëssbrauchen?

An der Fonction publique katzen se Gal a Gëft, wann se d’Wuert Bewäertungssystem och nëmmen ze héiere kréien. Grad awer a Staatsverwaltunge brauch de Fonctionnaire/Beamten esou eng Zort vu modernem Tutorat. D’CGFP gouf virun iwwer 10 Joer hiren hypokriteschen Accord a schafft zanterhier dorunner, dee System radikal ofzeschafen. Tatsaach ass, datt déi deemoleg CSV-LSAP-Regierung d’Feeler aus der Privatwirtschaft iwwerholl huet an aus de Bewäertungsgespréicher e riesege Pobeiertiger entstane war. Un der Gewerkschaft wär et gewiescht, deem entgéintzewierken an u Verbesserunge matzeschaffen. Mä c’est non! 

Déi zwou Säiten – Regierung a Gewerkschaften- sollten hir Positiounen iwwerdenken. Den Effendi Luc Frieden wär gutt beroden, déi zwee Minister Martine Deprez a Georges Mischo an de Beichtstull ze ruffen. De Schued deen si der schwaarz-bloer Koalitioun hannerlooss hunn, ass méi ewéi just eng Bëlls! Villäicht besteet de Rousekranz jo aus engem Regierungsremaniement an den nächste Méint?

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *