Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Justiz

Prozess Lunghi – RTL: 2 QP + 1 RM = ? 

Prozess Lunghi – RTL: 2 QP + 1 RM = ?
Image by Ben Kerckx from Pixabay

De Prozess Lunghi – RTL feiert gläich seng 10 Joer. D’Fro ob et sech dobäi nach ëm en Délai raisonnable eriwweregt sech wuel, an datt et méi laang dauert, datt et méi an de Portmonni schléit. Och beim Papa Staat, well déi ëffentlech Hand finanzéiert dem fréiere MUDAM-Direkter all d’Prozessonkäschten. De Piratendeputéierten Marc Goergen huet dee Sujet interpelléiert a wollt an enger QP (Question parlementaire) vun de Ministeren fir Justiz a Fonction Publique wëssen, ëm wéi vill Suen et sech dann handelt. D’RP (réponse.ministérielle) läit elo vir. De Serge Wilmes reagéiert zimmlech zougeknäppt. Seng Änwert éischter eng NULLNUMMER! An den Deputéierten stellt gläich déi nächst Fro….

N°3127

Entrée le 20.11.2025 Chambre des Députés

LE GOUVERNEMENT

DU GRAND-DUCHÉ DELUXEA4BOURG

Ministere de la Fonction publique

Wéi héich sinn déi bis elo vum Staat gedroe Käschten am Zesummenhang mat den Affekote vum Ex-GeneraIdirekter?

Den honorabelen Deputéierten huet bestëmmt Verständnis dofir, dass ech an der Ëffentlechkeet net iwwer individuell Dossiere schwätzen.

Wat geschitt am Fall vun enger Néierlag vum fréiere Generaldirekter am Appel? Mussen an dësem FaII d’Affekotskäschte un d’Staatskeess zréckbezuelt ginn?

Allgemeng ass et esou, dass e perséinleche Feeler vun engem Agent dozou féiert, dass de Staat vu senger Protektiounspflicht entbonnen ass. An deem Fall mussen d’Affekotekäschten zeréckbezuelt ginn.

Wéi ass et méiglech, dass den deemolegen Generaldirekter, deen a senger Funktioun als Mudamchef an dësem Zäitfënster kee Staatsbeamten war, trotzdeem d’Affekotskäschten iwwerholl krut?

Ech verweisen op meng Äntwert op déi éischt Fro.

Wéi eng Bedingungen mussen erfëllt sinn, dass Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien?

Den Agent, oder e Member vu senger Famill, muss perséinlech viséiert sinn an et muss e Lien mat senger Qualitéit als Agent bestoen. Ausser wann et dréngend ass, muss d’Demande fir d’Protektioun am Virfeld gemaach ginn.

D’Protektioun vum Staat heescht awer net automatesch, dass d’Affekotekäschten iwwerholl ginn. De Staat kann déi Protektioun och anescht garantéieren, z.B. andeems de Service juridique vum Ministère fir d’Fonction publique déi néideg Ënnerstëtzung gëtt (fir déi Demarchë wou een net onbedéngt muss en Affekot hunn).

De Staat ass vu senger Protektiounspflicht entbonne wann den Agent am Feeler ass.

Wann et eng Affär tëschent dem Agent an dem Staat als Employeur ass, gëtt keng Protektioun accordéiert.

Wéi vill Affekotskäschten goufen an de vergaangenen 10 Jore vum Staat iwwerholl? Wéi vill Demandë goufe refuséiert?

Fir d’Joer 2025, hunn ech bis elo 36 Demandë kritt. An 23 FäII ass d’Protektioun accordéiert ginn, an 10 Fäll ass se refuséiert ginn an 3 FäII sinn nach amgaang traitéiert ze ginn. Wat déi Jore virdru betrëfft, kann ech dem honorabelen Deputéierte keng ausféierlech Zuele gi well déi net systematesch erfaasst gi sinn. Ech ka just drop hiweisen, dass an den Aktivitéitsrapporte vum MFP zënter 2017 all Joer opgelëscht gëtt, wéi vill Demanden agereecht gi sinn a wéi vill dat ann Ganze kascht huet.

Lëtzebuerg, den 20. November 2025

De Minister fir d’Fonction publique

(s.) Serge Wilmes

 

Den honorablen Deputéierten Marc Goergen koum sech wuel och veräppelt vir a buert no:

A menger Fro n°3127 wollt ech Informatiounen dozou, ënnert wéi enge Bedingunge Staatsbeamten d’Aekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien. Dëst am Kontext vun engem méi bekanntene Fall, wou den Ex-Generaldirekter vum Mudam Käschte virgestreckt krut.

De Minister wollt zu dësem spezifesche Fall keng ëentlech Ausso zu dësem Dossier maachen. Et geet hei awer net drëms, een eenzelnen Dossier ze bewäerten oder Stellung zu enger Justizaaire a sengem Contenu ze huelen, mee dorëms, ob de Staat hei den Affekot bezilt.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Kann de Minister op mannst bestätegen, dass de Staat d’Aekotskäschten am Fall vum Ex-Generaldirekter virgestreckt huet?
  2. Kann de Minister bestätegen, dass de Staat d’Aekotskäschten am Fall vum Ex-Generaldirekter iwwerholl huet?

Falls de Minister net dorobber äntwerte wëll, dann ass dovunner auszegoen, dass meng Informatioune stëmmen an de Staat bezilt den Affekot.

Eigentlech kann de Staat dës Inofrmatioun net geheim halen, well et handelt sech èm eng ëffentlech Institutioun, ëm eng ëffentlech Persoun an zu gudder Lescht ëm ëffentlech Suen! Donieft seet de Minister, datt eng Persoun, déi eng fate personnelle gemaach huet, keng Suen vum Stat déit kréien. Abé, den Hàr Lunghi huet esou ee Feeler gemaach an deen och unerkannt: de Minister Xavier Bettel hat hien dowéinst sanktionéiert an de fréiere Muséesdirekter hat déi och ugeholl. Wann hien da sollt Due krut hunn, géif dat net zu der Definitioun vum Ministère passen!

Mir waarden ongedëllech op d’Änwert!

 

Hei ënnendrënner de Link zu eisem éischten Artikel zu dësem Sujet:

https://guykaiser.lu/egalite-des-armes-am-dossier-lunghi-rtl-eng-illusioun/

 

Related posts

1 Comment

  1. Catherine Gaeng

    “Wéi ass et méiglech, dass den deemolegen Generaldirekter, deen a senger Funktioun als Mudamchef an dësem Zäitfënster kee Staatsbeamten war, trotzdeem d’Affekotskäschten iwwerholl krut?”

    La réponse est ici (minute 1 à 1:20), et elle est connue depuis le 4 octobre 2016 :

    https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3071637

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *