Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi déi passiv Fëmmerten. Falsch! Total falsch!! De Staat léisst keng Geleeënheet aus, fir vu sengen eegene sougenannten Anti-Fëmm-Moossnamen dichteg matzeverdéngen. Eng vu senge brutaalsten Decisiounen besteet doranner, d’Zigarett ëmmer méi deier ze maachen. via eng Hausse vun der Steier um Tubak. Aus purem Altruismus,versteet sech. Op déi Manéier géifen nämlech d’Leit, déi sech et net méi kënne leeschten, decouragéiert ginn an déi aner géingen méi spéit nozéien an ophalen mat schmorren. Dat ass net nëmmen eng domm, ma eng total hypokritesch Affirmatioun!
An dat léisst sech mat e puer Zuele spilles beweisen. Beispill: Virun 20 Joer goufe 5200 Tonnen Zigarette verkaf, an déi hunn 444 Milliounen Euro dem Staatsbudget erabruecht. Dëst Joer goufe 5000 Tonne verklappt, also just 200 Tonne manner. Zugläich goung de Prozentsaz vum lassenen Tubak massiv erop; deen ass bedeitend méi bëlleg, well een seng Zigarett selwer muss dréien Bannent deenen 20 Joer goung de Prozentsaz vum lassenen Tubak massiv an d’Luucht, ëm 3680 Tonnen. Eng envisagéiert Baisse vum Konsum misst aneschters ausgesinn!

Also weider mat den Zuelen: viru 20 Joer goufen summa summarum 8170 Tonnen Tubak un de Mann, un d’Fra an un de Jugendleche bruecht; dëst Joer waren et der 11650. Sécher! An deenen 20 Joer ass eis Populatioun gewuess, grad esou den Undeel vun de Frontalier, mä vun enger Baisse vum Konsum kann dach keng Ried goen. Éischter vun enger Hausse!
Op alle Fall a Punkto Steierrecetten. Am Joer 2005 krut de Staat duerch den Tubak just 500 Milliounen eragespullt, dëst Joer waren et 1 Milliard 290 Milliounen a fir am neie Joer gëtt mat 1,6 Milliard gerechent. Eng win-win-Situatioun fir all Finanzminister!
“D’Tubakindustrie wiert sech…..”
Fir datt de Konsument d’Präishaussen net ze vill ze spiere kritt, ginn et neierdéngs Päck vu 60 Zigaretten. Eng Staang besteet da just aus 3 Päck: et spuert ee Kartong a Plastik, d’Cartouche gëtt tëscht 5 an 11 Euro méi bëlleg. Dat geet natierlech guer net! Dem Staat ginn op déi Manéier Suen duerch d’Päif an deen huet och scho reagéiert: vum 1. Januar un däerfe keng esou Monsterpäck méi verkaf ginn. Basta!
An der Belsch gëllt an 365 Deeg en allgemengt Fëmmverbuet op all den Terrassen, egal op Restaurant oder Bistro. A wann een d’Terrasse verléisst fir eng patsche ze goen, da muss een e Schutzrayon vun 10 Meter respektéieren., wat esou

vill bedeit ewéi datt d’Promenaden laanscht d’belsch Plage a laanscht d’Friitjes a Mosselen quasi zu enger fëmmfräier Zon gëtt. Italien huet deen nämmlechte Fëmmverbuet schonn zanter Joren, ënner anerem zu Milano. De Raacher ass gutt beroden, säi Stanley (Meterband um Rullo) derbei ze hunn. A wann engem eng schwanger Fra entgéint kënnt, ass de Fëmmert gebieden, sech séier a Loft opzeléisen.
Wär et net scho viru Joer méi einfach a korrekt gewiescht, et hätt een d’Fëmmen kategoresch verbueden? Op all Zigarettepak steet fett geschriwwen: fumer tue! Wéi kann de Staat eppes zouloossen, dat seng Matbierger ëmbréngt?! Hien däerft eigentlech mol net méi zouloossen, datt den Tubak iwwer d’Théik gehandelt gëtt. Kloer! Et géif vill Gejéimers ginn, ma no 6 Méint spéitstens wier et gedoen; dann hätt och dee Leschte kapituléiert.
Huet allerdéngs de Staat Interessi dorunner? Kann hie sech eng steierlech Perte vu ronn annerhallwer Milliard an dësen Zäite leeschten? Fir d’Steierreform mat ze finanzéieren, kënnt et op all eenzele Fëmmert un.
O Här, looss Tubak reenen!