An do hätte mir et nees: dat subjektiivt Onsécherheetsgefill! Et goufe bannent kierzester Zäit Messerpickereien op 3 verschiddene Plazen, 1 Persoun koum ëm d’Liewen, anerer goufe schro verwonnt. Derbäi kënnt, datt och d’LSAP-Volleksvertriederin Liz Braz ‘iwwerfall, op der Strooss aggresséiert gouf. Et war hir näischt geschitt, ausser datt si ugespaut gouf, ma “si hätt de Cauchemar vu jiddwer Fra erlieft”, schreift d’Lëtzebuerger Wort. Dat ass just een Deel vun der Wouerecht, well och Männer ginn iwwerfall a grad esou eeler Männer.
Ech verstinn déi honorabel Deputéierte komplett, wann si behaapt, ënner Schock gestanen ze sinn. Den Iwwerfall kënnt onerwaart, et gëtt een iwwerrascht an éier een d’Sënner nees all beieneen huet, ass et scho gedoen. Et huet ee keng Zäit, adequat ze reagéieren. Si mécht elo en Appell un d’Elteren “Bréngt Äre Jongen mol nees Manéiere bäi!” a si mécht domadder e Feeler.

Et ass wuel richteg, datt eng Partie Jongen – an och Meedercher- guer keng gutt Kannerstuff méi hunn, déi mol keng Repèren, keng Parameter hunn, fir sech bewosst ze ginn, wéi frech a blöd si eigentlech sinn. Mä vun onmanéierlech bis bei Messer eraus an eran an de Bauch leien dach Welten! D’Liz Braz culpabiliséiert pauschal dat männlech Geschlecht, dobäi ass eng breet Majoritéit vun de Jongen brav ewéi Schockelasmännercher. Neen! Hei handelt et sech ëm eng besonnesch Zuucht.
D’Madamm Braz soll sech an de Schoulen informéieren., Do geet et tatsächlech munchmol drënner an driwwer, eleng well een eenzege Béifchen dat ganzt Gebai terroriséiert. Mat 8 oder 10 Joer komme vun him Sätz geflunn ewéi : ech schloen dech vreckt, un d’Adress vu Schoulkomeroden, ma och un deenen hir Elteren a grad esou un d’Schoulpersonal, dat sech senger Hänn kee Rot méi weess, ausser datt sech net nëmmen 1 Schoulmeeschter ëm dee “Fall” këmmert, ma gläich 2 oder 3, plus Educateur, plus Psycholog, plus Assistance sociale, plus, plus…(.)
Där Fäll goufen et och scho fréier: Bouwen, déi anerer zerschloen hunn, bis datt d’Ambulanz huet musse geruff ginn. Ech kréien allerdéngs verséchert, datt d’Zuel vun dëse bad boys am gaangen ass, dramatesch an d’Luucht ze goen; alles Kanner, wou d’Pädagogen sech eens sinn, datt et sech ëm potentiell Kandidaten handelt, fir fréi oder spéider zu Schraasseg ze landen. Héiert sech trauereg un, ass et och! Ma mir schwätze léiwer iwwer Unisex-Toiletten an de Lycéeën.
De ganze Schlamassel am Educatiounswiesen misst hannerfrot ginn, an domadder d’Politik aus de leschte 25 Joer, mam Haaptmessage un d’Elteren: Dir braucht Iech ëm Näischt ze këmmeren, de Papa Staat mécht dat schonn. Papp a Mamm, iwwerhaapt d’Familljen kruten d’Responsabilitéitsgefill gréisstendeels ofgeholl: si brauchen net nëmmen keng Hausaufgaben mat deene Klengen ze maachen, si brauchen sech och sos net ëm den enfant roi ze këmmeren, zum Beispill den Ënnerscheed tëscht béis a gutt bäizebréngen.

Eng Psychologin seet mir – mat e bësselchen Sarkasmus am Ënnertoun: nieft der Problematik vu geschloene Kanner misste mir eng Diskussioun féieren iwwer geschloen Elteren! Papp a Mamm sinn ëmmer méi iwwerfuerdert, aus wat fir enger Ursaach och ëmmer. Eis grouss Nopeschlänner wéi Frankräich an Däitschland weisen eis, wou d’Rees mam Gesellschaftsbus higeet.
Den Ament ass zu Lëtzebuerg e Jugendlechen bis den Alter vu 16 Joer penal stroffräi. D’Regierung wëll dat erofsetzen op 13 Joer. Traureg Entwécklung! D’Generatioun vun de Baby-boomers huet sech an deem Alter nach fir Winnetou a ganz e bësselchen fir d’Uschi Glas interesséiert. D’Politik muss dee Wee awer wuel goen: an Däitschland huet dëser Deeg e Bouf vun 12 Joer en anere jonke Kärel vu 14 Joer ëmbruecht. D’Liewen an der moderner Welt gëtt villäicht méi laang, dofir d’Kandheet méi kuerz!
D’Liz Braz huet zu Recht d’Loft aus de Seegele geholl a präziséiert, datt et sech an hirem Fall ëm e jonke Blonden gehandelt huet, dee Lëtzebuergesch geschwat huet. Richteg esou! Net all däischter Gestalt muss en Auslänner sinn. Déi Transparenz soll allerdéngs fir all Tëschefall gëllen, wou bis dato grad Politiker, ma och Polizisten sech dréien a krëmmen, fir zu der Formulatioun ze kommen: beim Täter handelt et sech ëm eng Persoun déisäits vun der Europäescher Unioun. Aus esou eidele Phrasen entsteet eng onbegrënnte Skepsis ënner dem Vollek….