Recent Posts

Post Categories

L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...
Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...

Blog Post

Divers

Endlech! De Frank Schneider gëtt e Fall och fir d’Politik 

Endlech! De Frank Schneider gëtt e Fall och fir d’Politik
gkonline

                 

virun engem Joer gouf de Frank Schneider – an engem fréiere Liewen mol Spioun, duerno Grënner vun der Sécherheetsfirma Sandstone- heivir op der franséischer Grenz festgeholl. Déi franséisch Polizisten haten net laang gefackelt: Klabes un d’Stier gesat, Handschellen ugedoen a fort…an déi ganz Zeen virun den An vu sengem jonke Fils. D’Arrestatioun war geschitt op Demande aus den USA. Wat d’Hannergrënn ubelaangt, verweisen ech op meng verschidden Artikelen, dorënner deen heiten https://bit.ly/3FLjfoR

D’Amerikaner hätten de Mann gären ausgeliwwert an domadder wär de Mann definitiv geliwwert! Well laut der amerikanescher Justiz riskéiert hien dohanne liewenslängleche Prisong! Am Grand-Duché waren a sinn se am Darréischeschlof. Keen huet sech gemuckst! Keng Justiz, kee Politiker, keng Press. De Frank Schneider soll roueg a senger Wunnecht a Frankräich mat elektronesche Foussfesselen vergadderen!

Den 21. Juni koum schliisslech dach eng Question élargie vum CSV Deputéierten Laurent Mosar

gkonline

Duerno näischt méi! Also huet sech de Marc Thoma den Här Mosar an den Interview geholl. Den Deputéierten verlaangt Opklärung, firwat Lëtzebuerg dem Bierger Frank Schneider net hëlleft -oder net hëllefe wëllt. Hie verlaangt, datt de Grand-Duché de Mann ausliwwere léisst fir him hei am Land -eventuell- de Prozess ze maachen. Et wier a sengen An och net verantwortlech, de Schneider als Ex-Operatiounschef vum SREL un d’USA ausliwweren ze loossen. Dat géif keen anert Land sech an esou enger Situatioun erlaben!

De Politiker schwätzt also Tacheles, dréckt dat aus, wat eng ganz Partie Leit mir am Privatgespréich och soten: Lëtzebuerg huet eng Verpflichtung vis-à-vis vu senge Bierger, egal wat deen sech zu Scholde kommen oder net kommen gelooss huet!

Deen Interview war wéi ëmmer fir d’éischt op https://www.apart-tv.com/ a kann elo och hei gekuckt a gelauschtert ginn. Vill Spaass.

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Gutt dass den deputeierten Mosar sech fir des affaer interesseiert…wou eis regierung durch lamentabel passiviteit glaenzt.
    Besonnesch den ausseminister dee jo soss a tout propos de mond net gehale krit.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *