Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Featured

D’Rou virum Stuerm? 

D’Rou virum Stuerm?
Wikipedia.org

Déi ablacklech Roserei aus dem Gewerkschaftseck baséiert op der Luc Frieden-Interpretatioun vum soziale Modell. Wien de Staatsminister observéiert a säi Buch Europa 5.0 gelies huet, weess, datt hien vun deem angelsächsege Modell total iwwerzeegt ass; eng Léift, déi warscheinlech schonn am jonken Alter ugefaangen huet mat glousen, wéi hien a Groussbritannien an duerno an Amerika e Master gemaach huet. A wann een sech dann drun erënnert, datt hien bis viru Kuerzem d’Chambre de commerce zu Lëtzebuerg presidéiert huet, – also de Patron vun de Patronen war-, da kann een duerchaus dovunner ausgoen, datt et déi eng oder aner Ofmaachung mam Patronat gouf, ier hien zeréck an d’Politik goung. Zum Beispill d’Muecht vun de Gewerkschafte kräfteg stutzen.

rtl.lu

Datt den neie Luc wëlles hat, de Syndikater hire fonds de commerce ofzehuelen, nämlech d’Kollektivvertragsgesetz quasi ofzeschafen, et op d’mannst esou staark ze schläifen, datt net méi vill vun där Festung iwweregbliwwe wier, ass eigentlech eng Ongeheierlechkeet, déi just weist: entweder de Staatsminister huet de lëtzebuerger Modell net verstanen – wat säi fréiere Mentor Jean-Claude Juncker him reegelméisseg ënner d’Nues geriwwen huet- oder hie geet bewosst op Konfrontatioun mat de Syndikater a wëll hinnen nei Grenzen zéien..

Keng Kollektivverträg à gogo, mat deene grad de klenge Patron administrativ an organisatoresch ze leiden huet, an deementspriechend d’Wirtschaft ausgebremst gëtt: wéi ech virun e puer Wochen zu Bastia op Besuch war a géint 6 Auer Owes eppes iesse wollt, krut ech vum Serveur an d’Gesiicht gelaacht, mat de Wieder: nous sommes une île très syndiquée!  Viru 7 Auer Owes wier näischt dran an och net no hallwer 10. Och e Serveur an e Kach hätte schliisslech e Recht op Familljeliewen. Dat wollt ech jo net ofstreiden, hunn et allerdéngs dach erstaunlech fonnt, datt den Tourist matzen an der Héichsaison vun de Gewerkschaften virdiktéiert kritt, zu wat fir enger Stonn hien däerf Honger hunn a wéini net.

wikipedia

Deen nämmlechte Phänomen ass mir op der belscher Plage opgefall: ech duecht, am Norden géingen d’Leit méi fréi iessen fir och mé fréi an d’Bett ze kommen a gouf beléiert: d’Syndikater hunn d’Flamänner voll am Grëff. Eng ganz Partie Restauranten hunn hier Kichen just 5-6 Stonnen op. Gewerkschaftsdiktatur? De Patron muss op alle Fall kucken, an deene puer Stënnercher den Dag zu senge Suen ze kommen fir d’Personal bezuelen ze kënnen. Kontraproduktiv fir d’Wirtschaft!

Dofir ass et nozevollzéien, datt zu Lëtzebuerg d’Patronat d’Kollektivvertragsgesetz wëll opweechen; aus senger Siicht soll d’Gesetz réischt fir Betriber gëllen déi 50 Ugestallten op d’mannst hunn; eng kleng Bäckerei géif also net drënner falen. Op deem Punkt weisen d’Gewerkschafte sech verstänneg: mat der Zuel 50 Ugestallten sin si zwar net averstanen, ma déi bilateral Gespréicher deiten drop hin, datt ee sech wäert op hallwem Wee begéinen.

An Däitschland leeft den Ament eng änlech Diskussioun, an zwar iwwer d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit. Den Ament däerf net méi ewéi 8 Stonnen den Dag gehummert a gemeesselt ginn; een Aarbechtsdag vun 10 Stonnen ass nëmmen dann erlaabt, wa bannent enger Berechnungsperiod vu 24 Wochen den Duerchschnëtt net iwwer 8 Stonne läit. Dat ass nees esou een Thema wou d’Argumenter vu béide Säite richteg sinn a wou een nëmmen duerch laang a sachlech Gespréicher zu engem Kompromëss ka fannen. Ass dat nom Virspill mat der Manif a mat der Arroganz aus dem Aarbechtsministère nach méiglech?

le quotidien

Déi bilateral Diskussioune goufen iwwer de Summer ënnerbrach. Eng ze laang Paus, gëtt och vun der net ëmmer onparteiescher Press kommentéiert! Do soll een dann awer scho bei der Wouerecht bleiwen: déi Paus ass esou laang ausgefall, well eng Gewerkschaftsvertriederin hir geplangte Vakanz net konnt/wollt verréckelen. An och do sinn all d’Argumenter grad esou richteg ewéi se falsch sinn!

De Patrick Dury vum LCGB huet mat perséinlechen Attacken méi ewéi däitlech gemaach, wat hien vum Staatsminister hält. An d’Nora Back? D’OGBL-Cheffin erwaart sech Ënnerstëtzung aus de Reien vun der gréisster Oppositiounspartei, a fréieren Zäiten och alt mol Aarbechterpartei genannt. Bis ewell war net vill Couragéiertes vun där LASEP komm, an esou huet den onofhängege Gewerkschaftsbond mat engem Artikel an der eenzeger absolutt onofhängeger Zeitung, nämlech am Tageblatt e Rappel à l’ordre gemaach: fir Ugangs September mussen d’Truppen un der Front stoen.

Dobäi ass net auszeschléissen, datt d’Madamm Back wäert ëmsoss waarden, e bësselchen wéi den Napoléon op de Grouchy…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *